
Beim Slalom-Weltcup zu Zagreb a Kroatien huet d'Mikaela Shiffrin um Samschdeg gewisen, datt déi zweete Plaz am Parallelslalom zu Oslo an Norwegen nëmmen een Ausrutscher war. D'US-Amerikanerin ass um Samschdeg nämlech an hirer eegener Liga gefuer an huet eng weider souverän Victorie gefeiert.
Schonn nom éischten Duerchgang loung d'Shiffrin mat engem Virsprong vun 1,15 Sekonnen op d'Schwäizerin Wendy Holdener a Féierung. Op der drëtter Plaz loung d'Slowakin Petra Vlhova mat engem Réckstand vun 1,34 Sekonnen. Am zweeten Duerchgang ass d'US-Amerikanerin weider souverän gefuer a konnt trotz klenge Feeler hire Virsprong souguer weider ausbauen. Um Enn wënnt d'Mikaela Shiffrin mat engem Virsprong vun 1,25 Sekonnen op d'Slowakin Petra Vlhova de Weltcup zu Zagreb. Um Podium stoung nach d'Schwäizerin Wendy Holdener mat engem Retard vun 1,75 Sekonnen.
Fir d'Damme geet et en Dënschdeg zu Flachau scho weider. An Éisträich steet ee weidere Slalom um Programm.
Am Gesamtweltcup huet d'Shiffrin mat 1.214 Punkten e Virsprong vu 466 Punkten op d'Vlhova.