Internationale FuttballShowdown tëscht AC an Inter Mailand um leschte Spilldag

RTL Lëtzebuerg
An der Premier League huet Manchester City den éischte Matchball, fir de Championnat ze decidéieren, verginn. Liverpool kann en Dënschdeg nozéien.
© AFP

2. Bundesliga

Nodeems e Samschdeg de leschte Spilldag an der Bundesliga war, huet déi zweet Liga d’Saison um Sonndeg ofgeschloss. Werder Bremen ass no enger Saison nees zeréck an der Belleetage vum däitsche Futtball an Hamburg spillt d’Relegatioun géint Hertha Berlin.

Schalke huet sech duerch en 2:1 zu Nürnberg d’Meeschterschaft an der zweeter Bundesliga geséchert. Hire Retour an d’Bundesliga war schonn zënter leschter Woch kloer. Bremen huet mat engem 2:0 doheem géint Regensburg déi zweet Plaz geséchert.

Am spannende Kampf ëm déi drëtt Plaz, déi d’Relegatioun géint de 16. aus der éischter Liga virgesäit, huet sech um Enn Hamburg duerchgesat. Obwuel d’Hanseaten mat 0:1 zu Rostock hannelouchen, konnte si de Match an der zweeter Hallschent dréinen a gewannen um Enn mat 3:2. Darmstadt ass an dësem Kampf eidel ausgaangen, obwuel si Paderborn mat 3:0 geklappt hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Tottenham - Burnley 1:0
1:0 Kane (45'+8, Eelefmeter)

Tottenham behält mat dëser Victoire weider d’Méiglechkeet an der nächster Saison an der Champions League unzetrieden a kann Chelsea esouguer nach déi drëtt Plaz ewechhuelen. An der éischter Hallschent gouf et net vill Golchancë fir béid Ekippen. Tottenham krut an der Nospillzäit duerch d’Agräife vum VAR en Eelefmeter zougesprach, deen de Kane verwandelt huet. Burnley huet an den zweete 45 Minutten méi no vir gemaach, konnt awer kee Gol markéieren.

West Ham - Manchester City 2:2
1:0 Bowen (24'), 2:0 Bowen (45'), 2:1 Grealish (49'), 2:2 Coufal (69', Eegegol)

Manchester City léisst am Kampf ëm d’Meeschterschaft Plommen a gëtt Liverpool d’Méiglechkeet nees opzeschléissen. West Ham war an der éischter Hallschent déi dominéierend Ekipp a konnt mat 2:0 an d’Paus goen. Nom Säitewiessel huet ManCity de Match kënnen ausgläichen an hätt esouguer a Féierung kënne goen, mee de Mahrez huet an der 86. Minutt en Eelefmeter verschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Neapel - FC Genua 3:0
1:0 Osimhen (32'), 2:0 Insigne (65', Eelefmeter), 3:0 Lobotka

Den SSC Neapel séchert sech mat der 3:0-Victoire géint Genua déi drëtt Plaz am Championnat a spillt déi nächst Saison sécher an der Champions League. Beim leschten Heemmatch vum Lorenzo Insigne, deen och e Gol geschoss huet, hunn d’Partenopei näischt ubrenne gelooss. Den FC Genua ass no dëser Néierlag quasi ofgestigen, eng éischte Kéier zënter dem Retour an d’Serie A am Joer 2007.

AC Mailand - Bergamo 2:0
1:0 Leao (56'), 2:0 Hernandez (75')

Mailand huet an der éischter Hallschent vill gemaach, fir den éischte Gol ze schéissen, mee et sollt hinne net geléngen. Eréischt an der 56. Minutt hunn d’Rossoneri den erléisenden 1:0 markéiert, wat hinnen d’Chance op den éischten Titel zënter 2010/11 vergréissert huet. Mam zweete Gol huet Milan de Match fir sech entscheet a gewënnt um Schluss verdéngt. De Match hätt nach méi héich fir d’Lokalekipp ausgoe kënnen.

Cagliari - Inter Mailand 1:3
0:1 Darmian (25'), 0:2 Martinez (51'), 1:2 Lykogiannis (53'), 1:3 Martinez (84')

Inter Mailand erhält sech d’Chance op d’Titelverteidegung. D’Nerazurri krut an der 11. Minutt en éischte Gol wéinst Handspill oferkannt, huet eng knapp Véierelstonn méi spéit awer de Score opgemaach. An der zweeter Hallschent huet de Martinez Mailand mat zwee Goler a Féierung bruecht, mee am Géigenzuch konnt Cagliari den Uschloss schéissen. Kuerz viru Schluss huet de Martinez mat sengem zweete Gol fir Inter alles kloer gemaach. Domat kënnt et nächst Woch zum Showdown ëm de Scudetto tëscht Inter an AC Mailand; béid Ekippen trennen zwee Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

A Frankräich gouf de komplette 37. Spilldag schonn um Samschdeg gespillt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atletico Madrid - FC Sevilla 1:1
1:0 Gimenez (30'), 1:1 En-Nesyri (85')

Am Spëtzematch vum virleschte Spilldag an der La Liga huet Atletico géint den FC Sevilla zwar just 1:1 gläichgespillt, mee domat den decisive Punkt fir d’Areeche vun der Champions League an der nächster Saison geholl. Wéi de Match méi roueg gouf, huet Atletico äiskal zougeschloen an den 1:0 geschoss. An der zweeter Hallschent huet Atletico de Match dominéiert, awer net den zweete Gol markéiert. D’Andalusier hunn dovu profitéiert an den Ausgläich geschoss, wouduerch si sécher an der Champions League vertruede sinn, well si de besseren direkte Vergläich mam Lokalrival Betis hunn.

Betis Sevilla - Granada 2:0
1:0 Juanmi (14'), 2:0 Juanmi (89')

Betis Sevilla séchert sech mat dëser Victoire eng sécher Plaz an der Europa League.

Cadiz - Real Madrid 1:1
0:1 Diaz (5'), 1:1 Sobrino (37')

Real Madrid steet schonn zënter e puer Wochen als neie spuenesche Champion fest, mee fir Cadiz war dëse Punkt e Big Point am Kampf ëm de Verbleif an der La Liga. Madrid war ouni zuelräich Starspiller ugetrueden. Cadiz huet souguer en Eelefmeter verschoss an och vill aner Chancë verdinn, fir dräi Punkten doheem ze behalen.

Getafe - Barcelona 0:0
Et war Barcelona unzemierken, dass et an dësem Match ëm näischt méi goung. Dohier huet Getafe d’Méiglechkeet genotzt an duerch de Punktgewënn de Verbleif an der La Liga geséchert. Barcelona huet d’Vizemeeschterschaft kloer gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO