BiathlonSimon Desthieux gewënnt de Massestart zu Östersund

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme ka sech Ingrid Landmark Tandrevold beim Massestart duerchsetzen. 
© AFP

Nieft dem Schi Alpin war et och am Biathlon dëse Weekend de leschte Weltcup vun der Saison. Bei den Dammen huet sech am Massestart d’Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold mat 6 Sekonne Virsprong virum Dzinara Alimbekava aus Wäissrussland duerchgesat. Op déi 3. Plaz fiert Franziska Preuß mat 11 Sekonne Réckstand. Tiril Eckhoff ka sech de Gesamtweltcup sécheren.

Bei den Hären huet sech de Fransous Simon Desthieux virum Russ Eduard Latypov duerchgesat. Mat 16 Sekonne Réckstand fiert de Johannes Thingnes Bö op déi 3. Plaz. Den Norweger ka sech domat iwwert de Gewënn vum Gesamtweltcup freeën.

Back to Top
CIM LOGO