Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSinani enttäuscht iwwer Defaite am Playoff, awer zefridde mat senger Saison

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg huet den Danel Sinani mat Huddersfield an der Playoff-Finall fir den Opstig an déi englesch Premier League gespillt.
© AFP

No 90 Minutte gouf et eng batter 0:1-Defaite géint Nottingham Forrest, dat duerch ee Selbstgol an een Arbitter, deen net onbedéngt fir d’Ekipp vum Danel Sinani gepaff huet.

Den Danel Sinani huet mat Huddersfield eng batter 0:1-Néierlag am Wembley Stadion missen astiechen. Kuerz virun der Paus hat de Levi Colwill de Ball an den eegene Gol deviéiert. An der zweeter Hallschent krute si dunn zwee kloer Eelefmeter net gepaff. D’Enttäuschung ass natierlech grouss.

Immens batter, wann een duerch ee Selbstgol verléiert, obwuel ee quasi näischt zougelooss huet. Ëm sou méi wéi deet et, wann ee weess, datt een de VAR zur Verfügung huet an awer an esou engem wichtege Match falsch Decisioune getraff ginn. Fir mech war et zweemol kloer Eelefmeter an dat muss een einfach nëmme päifen.

No Ufanks schwierege Wochen, ouni Preparatioun mat der Ekipp, huet de 25 Joer jonke Lëtzebuerger sech séier agelieft. Seng éischte Saison an England schléisst hien als zweetbeschte Butter vun der Ekipp, mat 7 Goler a 5 Virlagen a 46 Matcher, of. Nieft dem Succès mat sengem Veräin ass den Danel Sinani och perséinlech zefridde mat dem Verlaf vu senger Saison.

Ganz positiv. Et muss een nëmme kucken, wéi wäit mir als Kollektiv komm sinn. Am Ufank vun der Saison ass gesot ginn, datt mir ee Kandidat fir den Ofstig sinn. Mir hunn hinne bewisen, datt mir e staarke Grupp hunn an datt mat eis ze rechne war. Perséinlech sinn ech ganz zefridden. Ech hu vill erlieft, vill Erfarunge gesammelt. Fir eng éischt Saison an England am Wembley eng Finall gespillt ze hunn, wat wëll ee méi.

De fréieren Diddelenger ass immens frou, de Schratt op Huddersfield gemaach ze hunn. Dës Saison war den Danel Sinani vun Norwich op Huddersfield ausgeléint. De Veräin aus West Yorkshire huet awer eng Kaf-Optioun. Wéi et d’nächst Joer weidergeet, steet awer nach net fest.

Ech stinn nach bei Norwich ënner Kontrakt a bis elo bereeden ech mech vir, mat hinnen d’Preparatioun ze maachen. Wat Huddersfield ubelaangt, si hunn eng Kaf-Optioun an do mussen déi zwee Veräiner een Accord fannen. Ech hoffen, datt ech an e puer Woche méi weess.

D’Saison ass fir den Danel Sinani awer nach net eriwwer. Fir hie sti mat der Nationalekipp nach véier Rendez-vousen an der Nations League um Programm. Lass geet et e Samschdeg um 18 Auer mam Match a Litauen. Alleguer d’Partië vun der FLF-Selektioun kënnt Dir wéi gewinnt bei eis op der Tëlee, um Radio an op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO