FuttballSkenderovic wiesselt vun Nidderkuer op Diddeleng
Aus dem nationalen Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Aldin Skenderovic déi nächst Saison fir den F91 Diddeleng wäert spillen.
Verëffentlecht: 04.06.22 10:18, Update: 04.12.25 10:15
De 24 Joer ale Mëttelfeldspiller wiesselt domat vun Nidderkuer an d'Forge du Sud an bei den aktuelle Champion. Hien huet och scho 26 Lännermatcher fir d'FLF-Formatioun gespillt.