Champions LeagueSouverän Victoire fir Manchester City géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Manchester City klappt Mönchengladbach mat 2:0 a Real Madrid wënnt no 70 Minutten an Iwwerzuel mat 1:0 géint Atalanta Bergamo.
© AFP

Borussia Mönchengladbach - Manchester City 0:2

0:1 Bernardo Silva (29.’), 0:2 Gabriel Jesus (65.’)

Wéi erwaart war et Manchester City, dat déi kloer dominant Ekipp war a Gladbach stoung praktesch just hannen dran. D’Gäscht hunn de Ball vill dréine gelooss bis se e Lach fonnt hunn. An der 29. Minutt hate se dann déi éischt Kéier e Lach fonnt, wéi de Joao Cancelo ze vill Plaz beim Flanken hat an och an der Mëtt war de Bernardo Silva ze vill fräi a konnt ouni Problemer de Ball an de Gol käppen.

Den 0:1 duerch de Bernardo Silva
No enger Flank vum Joao Cancelo konnt de Bernardo Silva de Ball an de Gol käppen.

Och dono konnt Gladbach net vill um Spill deelhuelen a konnt sech net eng eenzeg richteg Golchance erausspillen. Mee och d’Citizens konnte sech nieft där enger Chance, déi zum Gol gefouert huet, keng aner Chance erausspillen, well Gladbach allerdéngs och gutt a kompakt verdeedegt huet.

Bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
No enger eesäiteger éischter Hallschent stoung et 1:0 fir Manchester City duerch e Gol vum Bernardo Silva.

No der Paus war et dat nämmlecht Bild: Manchester City huet gespillt a Gladbach stoung hannen dran. An der 54. Minutt hat City eng grouss Chancen op den 2:0 no enger schlëmmer Feelpass vum Bensebaini, mee de Gabriel Jesus huet ze laang gewaart, fir ofzeschléissen, an de Ginter konnt esou nach mat engem Tackling klären.

An de Minutten dono ass Gladbach bësse besser an de Match komm a konnt e puer Mol bis an de Strofraum vu Manchester no vir spillen. Mee matten an dës Phas huet ManCity op 2:0 erhéicht. No enger Flank vum Cancelo huet de Bernardo Silva de Ball mam Kapp an d’Mëtt op de Gabriel Jesus geluecht an deen huet dat ronnt Lieder just nach missen iwwert d’Linn drécken.

Den 0:2 duerch de Gabriel Jesus.
Matten an déi gutt Phase vun de Gladbacher konnt Manchester City den 2:0 markéieren.

An der allerleschter Minutt hat de Wolf nach déi grouss Chance op den 1:2 mee den Ederson konnt paréieren. Dono huet den Arbitter de Match ofgepaff a Manchester City wënnt den Allersmatch vun den 1/8-Finalle souverän an onspektakulär mat 2:0.

Bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
Och an den zweete 45 Minutten huet Manchester City de Match dominéiert a wënnt verdéngt mat 2:0.

Atalanta Bergamo - Real Madrid 0:1

0:1 Mendy (86.’)
Rout Kaart: Freuler (17.’, Atalanta)

Vun Ufank un huet Real Madrid de Match gemaach a war déi dominéierend Ekipp. Batter koum et fir Atalanta dunn an der 17. Minutt, wéi de Freuler no enger Noutbrems um Mendy déi rout Kaart gesinn huet. Sou war et och kloer, datt Madrid déi besser Ekipp bliwwen ass, mee e Gol konnte se trotz hirem Iwwergewiicht an hire Chancen net notzen. Kuerz virun der Paus huet de Gollini am Gol vun den Italiener den 0:0 gerett, wéi en e Kappball vum Casemiro mat engem gudde Reflex paréiere konnt.

Och an den zweete 45 Minutten huet sech Real Madrid géint 10 Spiller aus Bergamo schwéier gedoen, fir Lücken an der Defense ze fannen, déi d’Italiener hinnen nämlech kaum ugebueden hunn. An der 86. Minutt konnt de Mendy de Match dann awer nach fir Real Madrid entscheeden. Mat sengem méi schwaache rietse Fouss huet de Fransous de Ball aus 20 Meter an den Eck geschlenzt.

Resumé vun Atalanta Bergamo - Real Madrid
Wärend 70 Minutten huet Real Madrid an Iwwerzuel gespillt mee réischt kuerz viru Schluss ass de Spuenier den entscheedende Gol gelongen.

Back to Top
CIM LOGO