Wie sinn déi Leit, déi do sëtzen, a firwat dierfen déi d’Matcher kucke goen, obwuel d’Gesetz Spectateuren den Ament kloer verbitt? Dëser Fro si mir nogaangen.
Eidel Sëtzer gehéiere mëttlerweil Weekends dozou. An awer gesäit een heiansdo op de Biller, déi fir vill Opreegung suergen, dass Leit awer Accès kruten, fir de Match ze suivéieren. Falls déi Persounen an enger offizieller Funktioun um Match sinn respektiv eppes mam Oflaf ze dinn hunn, maachen si sech mat hirer Presence net Strofbar. De Sportminister Dan Kersch iergert sech awer driwwer, dass et ëmmer nees Leit ginn, déi sech Accès verschafen, obwuel si näischt mam Match oder mam Oflaf ze dinn hunn.
„Ech sinn net frou, wann ech esou Biller gesinn, egal vu wou se kommen, well ech einfach weess, wéi vill Méi et kascht huet, dass mir iwwerhaapt Konzepter opgebaut hunn, dass et méiglech ass, ënner schwierege Bedingunge méiglech ass, zu Lëtzebuerg Sport ze maachen. All Reegelungen, déi fonnt ginn, all Arrangementer, déi gemaach ginn, oder alles wat gemaach gëtt, fir d’Gesetz ze ëmgoen, déi féieren net dozou, eng méi grouss Akzeptanz an der Bevëlkerung ze kreéieren.“
Mee wie gëtt protokolléiert, wann Gesetz net agehale gëtt? De Club, Persoun selwer oder esouguer déi zwee?
„Ech mengen, dass Police hei, esou wéi ech et gesinn, selbstverständlech deen deen am Feeler ass direkt ka protokolléieren, mee awer och déi kënne protokolléieren, déi Leit eragelooss hunn. Wann ee President ass vun engem Veräin oder Member vum Comité dann huet déi Persoun och eng juristesch Responsabilitéit.“
D’Leit kommen dach op kreativ Iddien, fir de Match vun hirer Ekipp trotzdeem ze suivéieren oder fir e Bléck op den Terrain ze geheien. Eigentlech näischt Illegales allerdéngs musse Supporter hei op Gesetz opzepassen. Net méi wéi 10 Persounen dierfe sech versammelen, eng Sécherheetsdistanz vun 2 Meter muss agehale ginn an e Mondschutz ass obligatoresch.
Op Nofro, wéini Spectateuren nees Zougang kréien, sot eis de Minister, dass dat vun der aktueller Situatioun ofhänkt.
