Europa LeagueSpéit Goler rette Young Boys Bern, Jans mat Virlag bei Remis vu Léck

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war de leschte Spilldag an der Gruppephas vun der Europa League.
© AFP

De Standard vu Léck mam Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans krut den Owend Besuch vu Benfica Lissabon. Um Enn goung de Match mat engem 2:2 op en Enn, dobäi hat de Laurent Jans beim 1:0 fir Léck an der 12. Minutt d’Virlag gemaach.

D’Young Boys Bern mam Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins hunn en Donneschdeg den Owend e spéiden Knockout esou just verhënnert kritt. Den Nsame huet eréischt an der 93. Minutt vum Eelefmeterpunkt aus den 1:1 markéiert an 3 Minutte méi spéit huet de Gaudino esouguer nach den 2:1 markéiert. 3 Goler an 3 rout Kaarten hunn eng spannend Schlussphas markéiert. Esou bleiwen d’Young Boys op der 2. Plaz vum Grupp A a qualifizéiere sech esou fir déi nächst Ronn. De Christopher Martins gouf an der 58. Minutt agewiesselt.

Am Grupp F verpasst Alkmaar d’Qualifikatioun fir déi nächst Ronn. Iwwerdeems Real Sociedad an Neapel 1:1 gläichgespillt hunn, hätte si mat enger Victoire géint den Tabelleleschte Rijeka Real Sociedad kënnen erausgeheien, ma Alkmaar huet iwwerraschend mat1:2 géint Rijeka verluer. Domat stinn d’Spuenier an d’Italiener an der nächster Ronn.

Am Grupp C séchert sech Bayer Leverkusen déi éischt Plaz, si hu kloer mat 4:0 géint den Tabellenzweete Slavia Prag gewonnen.

Wéi eng Ekippen hu sech fir déi nächst Ronn qualifizéiert?

AS Roum, Young Boys Bern, Arsenal, Molde, Leverkusen, Slavia Prag, Glasgow Rangers, Benfica Lissabon, PSV Eindhoven, FC Granada, SSC Neapel, Real Sociedad, Leicester City, Sporting Braga, AC Mailand, OSC Lille, FC Villareal, Maccabi Tel Aviv, Tottenham Hotspur, royal Antwerpen, Dinamo Zagreb, Wolfsberg, Hoffenheim, Roude Stär Belgrad

Back to Top
CIM LOGO