Beach Volley zu EschSport a Party op enger Plaz

Christophe Hochard
Um Escher Gaalgebierg ass et dëse Weekend déi 28. Editioun vum BEACH OPEN am Volleyball. 1995 gouf déi éischte Kéier dëse JuxTournoi organiséiert.
Beach Volley zu Esch
De Beach Open am Volleyball ass de Rendez-vous fir Sport, Spaass a Party.

72 Ekippen, 5 Terrainen an 1.000 Tonne Sand vun der Belscher Côte. Dat sinn d’Ingrediente fir d’Editioun 2023

E Match dauert 10 Minutten an et gi véier Spiller pro Ekipp. Et ass dee Rendezvous am Summer, dee sech kee wëll laanscht d’Nues goe loossen. An dobäi geet et mol net ëm eng gëlle Kou, mä de Spaass steet bei dësem Sportevent am Vierdergrond.

Nieft dem Sport ass awer och fir Party gesuergt, dat ënner anerem e Samschdeg den Owend mat engem DJ a wuel och gudder Laun.

Back to Top
CIM LOGO