Soirée en DonneschdegSport-Compagnie vun der Arméi feiert hir 25 Joer

Tom Flammang
Eng 85 Sportler sinn oder ware bis elo an der Sport-Compagnie vun der Arméi. Eng ganz Réi vun hinnen huet een en Donneschdeg bei der 25-Joer-Feier begéint.
Sport-Compagnie vun der Arméi feiert hir 25 Joer
Eng 85 Sportler sinn oder ware bis elo an der Sport-Compagnie vun der Arméi. Eng ganz Réi vun hinnen huet een en Donneschdeg bei der 25-Joer-Feier begéint.

Vill vun hinne ware bei den Olympesche Spiller dobäi oder hu Lëtzebuerg bei Welt- an Europameeschterschafte vertrueden. Fir de Gros vun de Sportler ass et kloer, datt d’SSEA iwwer déi leschte Joren hire Sënn an Zweck erfëllt huet.

Den Donneschdeg den Owend ass och driwwer diskutéiert ginn, wat de Sportler der Lëtzebuerger Arméi bréngt. Duerch en exemplarescht Optriede mécht de Sportzaldot iwwer d’Grenze raus Reklamm a vertrëtt d’Arméi och bei internationale Kompetitiounen.

Och iwwer déi sportlech Karriär eraus ass d’Arméi eng wichteg Stäip fir d’Athleten. Vun de 56 Ex-Membere vun der Sport-Compagnie hunn der 28 Stéck hirer Examen an der Arméi preparéiert oder gemaach a konnten sou an hir berufflech Karriär iwwergoen.

Back to Top
CIM LOGO