Futtball-WM vun den DammenSpuenien a Japan stinn an de Véierelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
D'Ibeererinnen iwwerrennen d'Schwäiz mat 5:1 a Japan setzt sech kloer 3:1 géint Norwegen duerch.
© AFP

E Samschdeg de Moien Lëtzebuerger Zäit huet sech Spuenien hat sech éischt Ekipp fir d’Véierelsfinall qualifizéiert. Am europainternen Duell géint d’Schwäiz sech d’Ekipp vum Trainer Jorge Vilda mat 5:1 duerchsetzen.

Spuenien war schonn no 5 Minutten a Féierung gaangen, mee d’Helvetierinne konnte kuerz drop duerch en Eegegol vun der spuenescher Verteidegerin Codina Pandedas den Ausgläich markéieren. Dësen Ausgläich hat awer net laang gehalen, well Spuenierinnen an der 17. Minutt hiren drëtte Gol , an dës Kéier op der richteger Säit, geschoss hunn.

Bis zur Paus sollt d’Ekipp ronderëm d’Weltfussballerin Alexia Putellas nach zwee Goler schéissen, och well si all hir Golchancen notze konnten.

D’Schwäiz konnt an der zweeter Hallschent net méi zeréckkommen an hat just eng gutt Golgeleeënheet. La Roja huet nach ee Gol dropgeluecht a steet soumat eng éischt Kéier an der Véierelsfinall.

An der zweeter Véierelsfinall huet sech Japan verdéngt mat 3:1 géint Norwegen duerchgesat. D’Weltmeeschterinne vun 2011 hu bei der 1:0-Féierung vun engem Eegegol vun der Norweegerin Engen profitéiert, kruten awer quasi am Géigenzuch den Ausgläich geschoss.

Kuerz no der Paus huet Japan sech d’Féierung zeréckeruewert an hat de Match duerno am Grëff. Mam drëtte Gol fir d’Nadeshiko (Spëtznumm vun der japanescher Ekipp) duerch d’Miyazawa war de Match zu Gonschte vun den Asiatinne gelies.

E Sonndeg stinn déi zwee nächst Matcher an de Véierelsfinallen um Programm.

D’Resultater am Iwwerbléck

Schwäiz - Spuenien 1:5
0:1 Bonmati (5'), 1:1 Codina Pandedas (11', Eegegol), 1:2 Redondo (17'), 1:3 Bonmati (36'), 1:4 Codina Pandedas (45'), 1:5 Hermoso (70')

Japan - Norwegen 3:1
1:0 Engen (15', Eegegol), 1:1 Reiten (20'), 2:1 Shimizu (50'), 3:1 Miyazawa ( 81')

Back to Top
CIM LOGO