
E Sonndeg war et an der Qualifikatioun fir d’WM 2022 am Katar d’Suite vum 2. Spilldag.
Am Grupp B krut Spuenien nom Remis am éischte Match nach d’Blamage géint Georgien um 2. Spilldag ofgewiert. No engem Réckstand ass et nach duerch e Gol an der Nospillzäit fir eng 2:1-Victoire duergaangen.
Am Grupp D gouf et fir Frankräich eng 2:0-Victoire géint de Kasachstan an an der Partie tëscht Finnland an der Ukrain ass et trotz zwee spéide Goler kee Gewënner ginn.
Fir England ass et am Grupp I eng 2:0-Victoire géint Albanien ginn a Polen hat géint Andorra keng Problemer sech déi dräi Punkten ze sécheren.
Am Grupp J huet huet sech Däitschland mat 1:0 géint Rumänien behaapt a fir Island ass et déi zweeten Defaite am zweete Match ginn.
De Match tëscht der Schwäiz a Litauen am Grupp C gouf mat 20 Minutte Retard ugepaff, dat well ee vun den zwee Goler net déi richteg Gréisst hat an doropshin ausgetosch misst ginn. Um Enn konnte sech d’Schwäizer duerch e fréie Gol vum Shaqiri mat 1:0 duerchsetzen.
Georgien - Spuenien 1:2
1:0 Kvaratskhelia (42'), 1:1 Ferran Torres (56'), 1:2 Dani Olmo (90+2')
Nom 1:1 géint Griechenland um 1. Spilldag vun der Qualifikatioun waren déi dräi Punkte géint Georgien um Sonndeg fir Spuenien Flicht. Ma och an dësem Match hat déi spuenesch Ekipp seng Problemer, sou dass et an der 1. Hallschent nëmmen ee Schoss op de georgesche Gol ze ziele gouf. Kuerz virun der Paus kruten d’Gäscht fir de schwaachen Optrëtt dann och d’Quittung, wéi de Kvaratskhelia an der 43. Minutt op 1:0 fir Georgien gestallt huet.
Nom Säitewiessel hunn d’Spuenier da bësse méi no vir gewisen a sou huet et net all ze laang gedauert bis den Ausgläich gefall ass. De Ferran Torres stoung no enger Flank um zweete Potto a konnt vun do aus de Ball hannert d’Linn drécken. Dem Spillverlaf no wier e Remis net onverdéngt gewiescht, trotzdeem ass de Gäscht nach de Lucky Punch an der Nospillzäit gelongen. Den Dani Olmo huet et aus gutt 20 Meter probéiert an domat op 2:1 gestallt. Um Enn wënnt Spuenien also knapps, trotz enger schwaacher Leeschtung, mat 2:1 géint Georgien.
Kosovo - Schweden 0:3
0:1 Augustinsson (12'), 0:2 Isak (35'), 0:3 Larsson (70')
Bulgarien - Italien 0:2
0:1 Belotti (43'), 0:2 Locatelli (82')
Schwäiz - Litauen 1:0
1:0 Shaqiri (2')
Kasachstan - Frankräich 0:2
0:1 Dembélé, 0:2 Maliy (44')
No enger roueger Ufanksphas ass Frankräich mat der éischter richteger Golchance a Féierung gaangen. No knapps 20 Minutten huet den Dembélé dem Golkipp mat engem Schoss an de laangen Eck keng Chance gelooss a sou fir d’Féierung gesuergt. Och nom 1:0 huet een an der kasachescher Haaptstad Astana keen all ze gudde Match ze gesi kritt. Kuerz virun der Paus ass dann awer nach op 2:0 erhéicht ginn, wéi de Maliy onfräiwëlleg an den eegene Gol gekäppt huet.
Am zweeten Duerchgang huet Frankräich de Match kontrolléiert a krut an der 75. Minutt d’Chance d’Partie duerch en Eelefmeter ze entscheeden. Den Mbappé huet dës awer net genotzt a sou ass et beim 2:0 bliwwen. Kasachstan krut et awer net méi hin nach eng kéier opzehuelen a sou séchert sech Frankräich nom Remis um 1.Spilldag déi éischt Victoire an der WM-Qualifikatioun.
Ukrain - Finnland 1:1
1:0 Junior Moraes (80'), 1:1 Pukki (89')
Dänemark - Moldawien 8:0
1:0 Dolberg (19'), 2:0 Damsgaard (21'), 3:0 Damsgaard (29'), 4:0 Stryger Larsen (35'), 5:0 Jensen (38'), 6:0 Dolberg (48'), 7:0 Skov (81'), 8:0 Ingvartsen (89')
Israel - Schottland 1:1
1:0 Dor Peretz (44'), 1:1 Fraser (56')
Éisträich - Färöer 3:1
0:1 Nattestad (19'), 1:1 Dragovic (30'), 2:1 Baumgartner (37'), 3:1 Kalajdzic (44')
Albanien - England 0:2
0:1 Kane (38'), 0:2 Mount (63')
Polen - Andorra 3:0
1:0 Lewandowski (30'), 2:0 Lewandowski (55'), 3:0 Swiderski (88')
San Marino - Ungarn 0:3
0:1 Szalai (13'), 0:2 Sallai (71'), 0:3 Nikolic (88')
Armenien - Island 2:0
1:0 Barseghyan (53'), 2:0 Bayramyan (74')
Rumänien - Däitschland 0:1
0:1 Gnabry (16')
Vun Ufank un huet Däitschland de Match bestëmmt an ass sou och no 16 Minutten a Féierung gaangen. No enger Pass vum Havertz stoung de Gnabry komplett fräi an hat sou keng Problemer de Ball hannert d’Linn ze drécken. Weider war vu Rumänien net all ze vill ze gesinn a sou ass et mat engem gerechten 1:0 fir Däitschland an d’Paus gaangen.
An der 2. Hallschent hat dann och d’Lokalekipp déi éischt puer Golchancen, trotzdeem waren déi Däitsch dem 2:0 méi no. Och mat de Chancë vum Gnabry, Sané & Co. stoung et weiderhi just 1:0 a sou waren déi dräi Punkte bis zum Schluss a Gefor. De Rumänen ass awer trotz de Beméiungen kee Gol gelongen a sou séchert sech Däitschland um Enn déi zweet Victoire am zweete Match.
Nordmazedonien - Liechtenstein 5:0
1:0 Bardhi (7'), 2:0 Trajkovski (51'), 3:0 Trajkovski (54'), 4:0 Elmas (62'), 5:0 Nestorovski (82')