Futtball-WM 2022Spuenier klore Favorit am Grupp E, schwiereg Grupp fir Däitschland

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg fänkt d'Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar un. Bis dohi stelle mir Iech déi 8 Gruppe vir.
© RTL-Grafik

De Jeff Kettenmeyer huet sech de Grupp E mat ënnert anerem Däitschland a Spuenien ugekuckt. Um Pabeier stécht dëse Grupp schonns e bëssen eraus. Well nieft Däitschland a Spuenien sinn och nach Japan a Costa Rica dobäi.

Futtball WM: Grupp E / Reportage Jeff Kettenmeyer

Virun allem fir de Weltmeeschter vun 2014 Däitschland gëtt et alles anescht wéi ee Selbstleefer, sou den RTL-Expert Marc Oberweis.

Nee an ech mengen, dat wësse se och. Wann ee kuckt, wéi vill Iwwerraschungen an deem Kader vum Hansi Flick sinn, respektiv wéi wéineg Lännermatcher verschidde Spiller hunn. Notamment ee Füllkrug, deen et zwar verdéngt huet, mä wou et awer och weist, wéi verzweiwelt, datt se sinn. Si sichen hir Ekipp, am Géigendeel zu aner Länner, déi scho méi laang hir Formatioun hunn.

Fir de fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, de René Peters, sinn d’Spuenier an dësem Grupp d’Nummer 1. Hie gesäit d’Chancë fir Däitschland éischter schlecht, zum Beispill géintiwwer Japan.

Et muss ee ganz kloer soen, datt d’Spuenier an dësem Grupp de Favorit sinn. Däitschland muss kucken, fir déi zweete Plaz ze kréien, mä ech si mir emol net sécher, ob si vill méi staark wéi Japan sinn. D’Japaner hunn eng gutt Ekipp a sinn disziplinéiert. Bei Däitschland sinn nach ganz vill Fragezeichen an der Opstellung. Ausser Kimmich, Goretzka a Gündogan ass praktesch kee gesat. Spuenien ass zum Beispill och am Ëmbroch, mä mat ville jonke Spiller, déi awer an hire Veräiner gréisstendeels eng wichteg Roll spillen an och agespillt sinn. Ech denken, datt et fir Däitschland ganz schwéier wäert ginn.

Um éischte Spilldag kritt Däitschland et mat Japan ze dinn a Spuenien spillt géint Costa Rica. Béid Matcher sinn den 23. November.

Back to Top
CIM LOGO