Am Gymnase vun der Coque hunn d‘FLTT-Damme géint Éisträich missen untrieden. Och wa sech am Viraus eng spannend Partie annoncéiert huet, esou war den éischte Simple direkt schonns iwwerraschend knapp. Hei konnt sech d‘Ni Xia Lian (WR 42) knapps mat 3:2 géint d‘Karoline Mischek (WR 187) duerchsetzen.

Am zweete Match koum et zum Duell tëscht der Lëtzebuerger Nummer 2, Sarah de Nutte (WR 69) an der Europameeschterin Sofia Polcanova (WR 13). An den éischten zwee Sätz war d‘Lëtzebuergerin mat 5:11 a 4:11 kloer ënnerleeën, ma dono huet si sech eragekämpft a konnt den drëtte Saz fir sech entscheeden. Um Enn sollt et awer net ganz duergoe géint déi bescht europäesch Spillerin, esou datt d‘Polcanova fir Éisträich ausgläiche konnt.
Dono stoung ee fir Lëtzebuerg ganz wichtege Match um Programm. D‘Lëtzebuerger Nummer 3 Tessy Gonderinger (WR 301) krut et do mat der éisträichescher Nummer 3 Amelie Solja (WR 125) ze dinn. Obwuel d‘Solja an der Weltranglëscht vill besser positionéiert ass, huet d‘Spillerin vu Rued de Match komplett dominéiert a kloer mat 3:0 (11:7, 11:1, 11:6) gewonnen. Deemno louch Lëtzebuerg elo mat 2:1 a Féierung.
An der Suite koum et zum Topmatch tëscht dem Ni Xia Lian an dem Sofia Polcanova. Et goung vill hin an hier an d‘Decisioun an engem éischtklassege Match huet missen am 5. an decisive Saz falen. Hei behält d’Lëtzebuergerin d’Nerven a wënnt dann dach kloer mat 11:6 géint d’Polcanova.
Domadder gewënnt Lëtzebuerg kloer den 2. Match vun der EM-Qualifikatioun mat 3:1.
