BeachvolleyballSteve Weber a Colin Hilbert gewannen de Zonal Event a Schottland

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg war zu Perth d'Finall vum Zonal Event, fir déi de Steve Weber an de Colin Hilbert sech qualifizéiert haten.
© AFP / Archiv

Nodeems de Lëtzebuerger Duo an der Halleffinall géint d’Waliser Robins a Panah nach den éischte Saz verluer hat, konnte Weber an Hilbert d’Partie dréinen a sech domat fir d’Finall qualifizéieren.

Hei si si op de schotteschen Duo Mexson a McHardy getraff. Den David Mexson ass iwwerdeems ee Coequipier vum Colin Hilbert beim VC Luerenzweiler.

An der Finall hunn d’"Red Lions” weider eng staark Leeschtung gewisen, sou dass si d’Schotten um Enn an 2 Sätz (21:15, 21:18) klappen.

Nodeems si den Tournoi dominéiert hunn a just an der Halleffinall ee Saz hu missen ofginn, gewannen de Steve Weber an de Colin Hilbert domat d’Goldmedail beim Zonal Event, wat och hiren éischten internationalen Titel fir Lëtzebuerg ass.

Back to Top
CIM LOGO