
Am Spëtzematch vum 5. Spilldag an der héchster Volleyballliga huet sech Luerenzweiler no spannende fënnef Sätz beim Volley Bartreng duerchgesat. D’Ekipp aus dem Uelzechtdall setzt sech knapp 3:2 (25:20, 26:24, 21:25, 18:25: 15:11) duerch, nodeem si no zwee Sätz schonn 2:0 virlouchen. Bartreng huet am drëtten a véierte Saz nach eng Kéier alles investéiert a gouf mam Ausgläich belount. Am decisive fënnefte Saz huet Luerenzweiler dunn awer d’Iwwerhand behalen a bleift an dëser Saison ongeschloen.
Um Sonndeg ass Stroossen nogezunn an huet däitlech mat 3:0 (25:17, 25:11, 25:18) géint Dikrech gewonnen.
Donieft huet de Belair mat 0:3 (21:25, 15:25, 20:25) géint Iechternach verluer. Fenteng huet Amber-Lënster och mat 3:0 (25:16, 25:17, 25:12) geklappt.
Am Dammechampionnat hat d’Gym beim 3:0 (25:15, 25:15, 25:11) keng Problemer mam Volley Bartreng a steet weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt, zesumme mat Walfer.
Och Walfer huet sech mat 3:0 (25:10, 25:13, 25:20) géint Dikrech duerchgesat. Nodeem déi zwee éischt Sätz méi wéi kloer u Walfer goungen, huet Dikrech am drëtten Duerchgang nach eng Kéier all d’Kräfte gebündelt a versicht, d’Rudder nach ëmzerappen. Walfer louch tëschenzäitlech 8 Punkten a Réckstand, konnt dësen awer nach ophuelen an de Saz souguer fir sech entscheeden.
Um Sonndeg huet Mamer souverän mat 3:0 (25:19, 25:17, 25:11) zu Stengefort gewonnen.
Péiteng huet sech mat 3:0 (25:12, 25:22, 25:20) géint Esch behaapt.
