Internationale FuttballStuttgart klappt Hoffenheim mat 2:0

RTL Lëtzebuerg
Bielefeld iwwerrascht Leverkusen a wënnt mat 2:1, Inter Mailand klappt den FC Turin mat 2:1 an Arsenal séchert 3 Punkte géint Tottenham.
© AFP

An der däitscher Bundesliga konnt Bielefeld eng wichteg Victoire géint Leverkusen feieren. An England koum et iwwerdeems zum Derby tëscht Arsenal an Tottenham.

Bundesliga

Stuttgart 2:0Hoffenheim
1:0 Adams (15', Selbstgol), 2:0 Kalajdzic (64')

Fir den Ofschloss vum 25. Spilldag an der däitscher Bundesliga hat Stuttgart Hoffenheim op Besuch. Mat der éischter geféierlecher Aktioun vum Match konnt Stuttgart dann och direkt a Féierung goen. De Wamangituka konnt sech géint de Sessegnon duerchsetzen an hat de Ball stramm an de Strofraum gespillt. Do war et dann den Adams deen de Ball onglécklech an den eegene Gol deviéiert hat. Duerno koum Hoffenheim besser an de Match, ma virun allem am Ofschloss hat et u Genauegkeet gefeelt. Déi beschte Chance hat de Kramaric an der 39. Minutt, ma säi Versuch mam Kapp konnt de Kobel paréieren.
Nom Téi waren d’Gäscht weider beméit, am Stuttgart war äiskal. An der 64. Minutt konnt de Kalajdzic de Match entscheeden. Op en Neits war et de Wamangituka, dee bedeelegt war. Hie konnt sech duerchsetzen an hat de Stiermer fonnt, dee keng Problemer méi hat. De Kalajdzic konnt elo an de leschte 7 Matcher jeeweils markéieren. Um Enn konnt Stuttgart sech also iwwer 3 Punkte freeën.

Leverkusen 1:2 Bielefeld
0:1 Doan (18'), 0:2 Okugawa (57'), 1:2 Schick (85')

Bielefeld feiert eng iwwerraschend 2:1-Victoire géint Leverkusen a verschaaft sech Loft an der Lutte ëm de Maintien. Leverkusen war an den éischte Minutten déi dominant Ekipp, ma Bielefeld konnt hir éischte Geleeënheet äiskal notzen. No enger strammer Pass an de Strofraum vum Gebauer war den Doan an der Mëtt un de Ball koum. Säin Ofschloss war nach ofgefälscht ginn, soumat hat de Grill am Leverkusener Gol keng Chance, fir de Ball ofzewieren. Leverkusen war duerno besser am Match, ma Bielefeld blouf geféierlech. An der 57. Minutt konnt den Okugawa erhéijen, fir Leverkusen gouf et just nach den Uschloss duerch de Schick an der 85. Minutt.

Leipzig 1:1 Frankfurt
1:0 Forsberg (46'), 1:1 Kamada (61')

Leipzig verléiert iwwerdeems weider Buedem op Bayern München un der Spëtzt vun der Bundesliga. An der Spëtzepartie vum Sonndeg gouf et an den éischte 45 Minutte keng Goler ze gesinn. Leipzig koum duerno awer besser aus der Kabinn, a sou konnte si och duerch de Forsberg a Féierung goen. Frankfurt, déi hirersäits och wichteg Punkte brauche, fir hir excellent Leeschtung an dëser Saison ze kréinen a sech fir een europäesche Pokal ze qualifizéieren. An der 61. Minutt war et de Kamada, deen den Ausgläich markéiere konnt a senge Faarwe soumat ee wichtege Punkt séchere konnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Leicester City 5:0 Sheffield
1:0 Iheanacho (39'), 2:0 Perez (64'), 3:0 Iheanacho (69'), 4:0 Iheanacho (78'), 5:0 Ampadu (80', Selbstgol)

An England bleift Leicester weider mat uewen drun. Bei der klorer 5:0-Victoire iwwer Sheffield war den Iheanacho de Mann vum Match, dëst mat 3 perséinleche Goler. Duerch dës däitlech Victoire zitt Leicester op d’mannst bis den Owend laanscht Manchester United a steet op der 2. Tabelleplaz. Sheffield bleift iwwerdeems um Wupp vun der Tabell.

Southampton 1:2 Brighton & Hove Albion
0:1 Dunk (16'), 1:1 Adams (27'), 1:2 Trossard (56')

Arsenal 2:1 Tottenham
0:1 Lamela (33'), 1:1 Odegaard (44'), 2:1 Lacazette (64', Eelefmeter)

Beim Match tëscht Arsenal an Tottenham sinn zwou Ekippen openee getraff, déi alle béid hiren Erwaardungen hannendru lafen. Fir alle béid schéngt et, wéi wa si déi nächste Saison net europäesch vertruede wieren, och wann Tottenham nach net ofgeschloen ass. D’Gäscht konnten dann och a Féierung goen, dëst duerch de Lamela an der 33. Minutt, ma nach virun der Paus konnt Arsenal ausgläichen. De jonken Odegaard konnt hei markéieren. Am zweeten Duerchgang gouf d’Partie méi hëtzeg. No engem Feeler vum Sanchez gouf et an der 63. Minutt Eelefmeter fir Arsenal, deen de Lacazette sécher verwandele konnt. Duerno hat sech Tottenham nach selwer geschwächt. An der 76. Spillminutt krut de Lamela seng zweete giel Kaart an huet den Terrain misse verloossen. Soumat gewënnt Arsenal den Derby géint Tottenham mat 2:1.

Manchester United - West Ham

20:15 Auer

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

FC Turin 1:2 Inter Mailand
0:1 Lukaku (62', Eelefmeter), 1:1 Sanabria (70'), 1:2 Martinez (85')

De Leader aus Mailand deet sech schwéier, ma um Enn kënne si sech d’Victoire awer sécheren. Et hat allerdéngs bis zur 62. Minutt gedauert, éiert si de Score opmaache konnten. No engem Feeler vum Izzo gouf et Eelefmeter. Dëse konnt de Lukaku verwandelen, ma den FC Turin, déi all Punkt brauchen, fir an der Serie A ze bleiwen, hat sech net opginn. Si konnten an der 70. Minutt duerch de Sanabria ausgläichen, ma um Enn war et de Martinez, dee fir déi nächste Victoire fir Inter Mailand suerge konnt.

Bologna 3:1 Samptoria
1:0 Barrow (27'), 1:1 Quagliarella (37'), 2:1 Svanberg (41'), 3:1 Soriano (70')

Parma 2:0 AS Roum
1:0 Mihaila (9'), 2:0 Hernani (55', Eelefmeter)

Cagliari 1:3 Juventus Turin
0:1 Ronaldo (10'), 0:2 Ronaldo (25', Eelefmeter), 0:3 Ronaldo (32'), 1:3 Simeone (61')

Duerch 3 Goler vum Cristiano Ronaldo an der éischter Hallschent konnt sech Juventus ouni vill Problemer géint Cagliari duerchsetzen. Juventus huet domat an de leschte 5 Matcher net verluer a bleift den éischte Verfolger vun den zwee Mailänner Veräiner Inter an AC Mailand un der Spëtzt vum italienesche Championnat.

AC Mailand - Neapel

20:45 Auer

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lens 2:2 Metz
1:0 Clauss (13'), 1:1 Vagner (27', Eelefmeter), 2:1 Cahuzac (36'), 2:2 Delaine (57')

Nîmes 1:1 Montpellier
1:0 Koné (63'), 1:1 Delort (79')

Dijon 1:3 Bordeaux
0:1 Hwang (33'), 0:2 Hwang (45'), 0:3 De Preville (50'), 1:3 Konaté (90')

Lorient 1:1 Nizza
0:1 Maolida (58'), 1:1 Wissa (66')

Rennes 1:0 Stroossbuerg
1:0 Bourigeaud (25')

Monaco 0:0 Lille

PSG - Nantes

21:00 Auer

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo 0:0 Athletic Bilbao

Granada 1:0 Real Sociedad
1:0 Sanchez (51')

Eibar - Villareal

18:30 Auer

Sevilla - Betis Sevilla

21:00 Auer

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO