Internationale FuttballStuttgart klappt Mainz, Lyon wënnt spéit géint Bordeaux

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch konnt sech den aktuelle Tabellenzweete aus Antwerpen knapp géint den Tabelleleschte Waasland-Beveren duerchsetzen.

Bundesliga

VFB Stuttgart - Mainz 05 2:0

Ouni de Leandro Barreiro huet Mainz missten op Stuttgart fueren. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat sech am leschte Match bei engem Kappballduell blesséiert. An der éischter Hallschent si keng Goler gefall. Stuttgart hat liicht méi vum Match, Mainz awer méi Golchancen. 10 Minutten nom Säitewiessel huet de Kaladjzic du fir d’Heemekipp markéiert, datt no enger gudder Virlag vum Sosa. An der 72. Minutt huet de Wamangituka sech nom Pass vum Mangala géint d’Defenseuren duerchgesat an den 2:0 geschoss, wat och d’Schlussresultat vun dësem Match war.

An der Tabell steet Mainz domadder weiderhi mat 10 Punkten op der zweetleschter Plaz, dat mat 3 Punkten Avance op Schalke a 5 Réckstand op Köln, déi awer béid ee Match manner hunn. Stuttgart steet aktuell op der 10 Plaz mat 25 Punkten an huet domadder 15 Punkten Avance op den direkten Ofstig a 5 Punkte Réckstand op dat internationaalt Geschäft.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

Olympique Lyon - Girondins Bordeaux 1:1

Lyon huet déi éischt Hallschent däitlech dominéiert, mat 60 Prozent Ballbesëtz a 4 zu engem Schoss. Dowéinst si si och verdéngt an der 32. Minutt duerch den Ekambi a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel huet Bordeaux dunn awer lues a lues d’Spill an de Grëff geholl. Si haten zwar net vill méi Ballbesëtz wéi d’Heemekipp, waren awer däitlech méi aktiv, awer net enorm präzis virum Gol. Ma an der 55. Minutt hat de Kalu de Ball op de Gol bruecht an huet dem Lopes am Gol vu Lyon keng Chance gelooss. Lyon huet sech awer net opginn an an der 92. Minutt huet den Dubois den entscheedende Gol markéiert.

Mam 2:1 ass Lyon provisoresch Leader an der Ligue 1. Mat 46 Punkten hu si elo 1 Punkt Virsprong op de PSG a Lille, déi awer béide e Match manner hunn. Bordeaux bleift op de 7. Plaz mat 32 Punkten, wéi och och Marseille, déi awer 2 Matcher manner hunn. Hir Avance op Metz Lens an Angers, déi de Weekend nach spillen, läit bei engem respektiv 2 Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Jupiler League

Royale Antwerpen - Waasland-Beveren 3:2

Och an der héchster belscher Spillklass ass de Ball e Freideg gerullt. D’Ekipp vum Danel Sinani, deen de ganze Match op der Bänk souz, war bei Royal Antwerpen op Besuch. No 18 Minutte war d’Heemekipp duerch den Lamkel a Féierung gaangen, ma kuerz virun der Paus huet de Frei vum Punkt ausgeglach. No 57. Minutten dunn nees d’Féierung fir Antwerpen an nees duerch den Lamkel. Ma, wéi scho virdrun, huet de Frey seng Ekipp an der 71. Minutt nees bäibruecht. De leschte Gol am Match ass awer dunn net op de Compte vun engem vun deenen zwee Spiller gaangen. Et war den Batubinsika, dee Royal Antwerpen 3 Minutte viru Schluss an eng gutt Positioun bruecht hat.

An der Tabell ass Royal Antwerpen elo mat 43 Punkten op der zweeter Plaz, 11 Punkten hanner Brügge an 1 viru Genk, déi awer béid e Match manner hunn. Waasland-Beveren dogéint ass Tabelleleschten. Hinne feele 4 Punkten op eng Net-Ofstigsplaz, ma och béid Ekippe virun hinnen hunn nach ee Match manner.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO