
Wéi déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun matdeelt, wäerten déi bis ewell net-verkaaften Tickete fir de Lännermatch géint Bosnien-Herzegwonia, deen de 16. November am Stade de Luxembourg gespillt gëtt, net an den Onlineverkaf goen.
Vum 3. November u kann ee maximal véier Tickete gläichzäiteg um Sëtz vun der FLF zu Monnerech kafen, dat vu moies 10 bis 12 Auer a mëttes vu 14 bis 17 Auer.
Wéinst enger Strof vun der UEFA géintiwwer der bosnescher Federatioun muss een eng Carte d’identité virweisen, fir Tickete kënnen ze kafen.