FuttballTitus Péiteng trennt sech vu sengem Trainer Nicolas Huysman

Franky Hippert
Nom Paolo Amodio beim FC Déifferdeng 03 ginn elo och Titus Péiteng a säin Trainer Nicolas Huysman getrennte Weeër.

Et schéngt den Dag vun den Trainer-Trennungen ze sinn.

Déi Péitenger hunn zanter der Reprise no der Covid-Paus nach net gewonnen. Um Sonndeg war et fir den Tabellendrëttleschten e moren 1-1 beim zweetleschten RM Hamm Benfica.

Den Huysman, deen och scho bei der Escher Jeunesse war, hat den Trainerposten zu Péiteng eréischt am Oktober zejoert vum Ismaël Bouzid iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO