Äishockey / D3Tornado (L) verléiert héich géint de Leader Châlons (F)

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Ekipp hat näischt ze radette géint d'Fransousen a fält an der Tabell elo op Plaz 4 zeréck.
© AFP

D’Rechnung vum Christer Eriksson, Coach vun Tornado ass net opgaangen a seng Jongen hunn, nodeems si nach de leschte Weekend knapp mat 7-5 géint de selwechte Géigner de Kierzere gezunn hunn, elo héich mat 7-1 géint de Leader aus der Champagne verluer.

No knapps 4 Minutte louchen d’Lëtzebuerger scho mat 0-2 hannen, nodeems si hu misste wéinst 2 Strofzäiten an duebeler Ënnerzuel spillen. Dat huet sichtlech de Rhythmus bei den Haushären gebrach a si hunn einfach net méi an d’Spill fonnt.

Kuerz viru Schluss vum éischten Drëttel hunn Lëtzebuerger nach missten den 3-0 hinhuelen.

Am zweeten Drëttel konnten d’Spiller vum Eriksson deelweis d’Spill an d’Hand huelen an hu phaseweis dominéiert, mä et sollt einfach kee Gol geléngen.

D’Fransouse waren dogéint vill méi effikass, hunn hir Chancen zu bal 100% genotzt a konnte mat 2 weidere Goler d’Resultat op 5-0 eropschrauwen.

De leschten Drëttel hunn d’Lëtzebuerger zwar kënne kuerzzäiteg op 5-1 verkierzen, mä hunn et duerch déi erneit vill Strofzäite verpasst weider erunzekommen.

D’Gäscht dogéint konnten hir ganz Erfarung ausspillen an hunn och de leschten Drëttel esou mat 2-1 kënne fir sech entscheeden an esou d’Endresultat op 7-1 zu hire Gonschten eropschrauwen.

Tornado fält domadder nom 5. Spilldag op déi 4.Tabelleplaz zeréck.

Den Trainer Eriksson huet elo zwou Wochen Zäit fir seng Ekipp nei ze strukturéieren a si op den nächsten Heemmatch den 11. November géint de aktuell Tabelleleschten Champigny anzestellen.

Back to Top
CIM LOGO