Internationale FuttballTottenham wënnt géint Leeds, kee Gewënner am Sevilla-Derby

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems séchert sech Arsenal déi nächst 3 Punkten an an der spuenescher La Liga ka sech Real Madrd géint Celta Vigo behaapten.

An der Bundesliga stoung e Samschdeg de 14. Spilldag um Programm

Premier League

Tottenham - Leeds 3:0
1:0 Kane (29'), 2:0 Son (43'), 3:0 Alderweireld (50')

Den Opsteiger ass gutt an de Match komm an huet mat engem couragéierten Optrëtt fréi Drock gemaach. No enger hallwer Stonn krut dann awer Tottenham en Eelefmeter zougesprach, nodeems de Bergwijn am Strofraum zum Fale bruecht ginn ass. De Kane ass ugetrueden a konnt de Ball sécher am Gol ënnerbréngen. Kuerz virun der Paus war et dann nach de Son, dee mat sengem 100. Gol fir d’Spurs op 2:0 erhéije konnt.

Nom Säitewiessel hunn d’Haushären dann net laang gewaart, fir de Match scho virzäiteg ze entscheeden. Um éischte Potto ass den Alderweireld zum Kappball komm a sou stoung et no 50 Minutten 3:0. Leeds krut sech dovun net méi gefaangen a sou séchert sech Tottenham um Enn verdéngt déi dräi Punkten.

Crystal Palace - Sheffield 2:0
1:0 Schlupp (4'), 2:0 Eze (45+6')

Brighton - Wolverhampton 3:3
1:0 Connolly (13'), 1:1 Saiss (19'), 1:2 Burn (34'), 1:3 Neves (44'), 2:3 Maupay (46'), 3:3 Dunk (70')

West Brom - Arsenal 0:4
0:1 Tierney (23'), 0:2 Saka (28'), 0:3 Lacazette (61'), 0:4 Lacazette (64')

Duerch d’Victoire géint Chelsea um leschte Spilldag konnten déi formschwaach Gunners nees e bësse Selbstvertrauen tanken. Dat huet sech och am Match géint West Brom bemierkbar gemaach. Arsenal war vun Ufank un déi besser Ekipp a louch no der éischter Hallschent duerch Goler vum Tierney a Saka mat 2:0 a Féierung.

Och nom Säitewiessel huet ee vun der Lokalekipp net vill gesinn a sou konnten d’Gäscht fréi den Deckel drop maachen. Duerch zwee Goler vum Lacazette bannent 3 Minutten stoung et no enger gudder Stonn 4:0 aus der Siicht vun Arsenal a sou ass de Match och op en Enn gaangen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Villareal - Levante 2:1
1:0 Nino (19'), 2:0 Moreno (54'), 2:1 Leon (73')

Betis Sevilla - FC Sevilla 1:1
0:1 Suso (48'), 1:1 Canales (53')

Am Derby hu béid Ekippe sech schwéier gedoe fir de Wee an de Match ze fannen. Souwuel d’Lokalekipp wéi och d’Gäscht haten an der éischter Hallschent kee Schoss op de Gol Opweises a sou ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel ass et da séier gaangen. No engem gudde Pass an de Strofraum war de Suso op der Plaz a konnt sou an der 48. Minutt op 1:0 fir den FC Sevilla stellen. Kuerz drop huet sech den Diego Carlos dann awer am Strofraum net gutt ugeluecht a sou huet den Arbitter no engem Feeler op Eelefmeter entscheet. De Canales ass vum Punkt äiskal bliwwen a konnt an der 53. Minutt ausgläichen. Eng véierel Stonn viru Schluss ass et dann e weideren Eelefmeter fir Betis ginn, ma de Golkipp konnt de Schoss vum Fekir paréieren a sou de Spillstand fir d’Gäscht oprecht erhalen. D’Lokalekipp huet weiderhin op den zweete Gol gedréckt a konnt sech och weider Chancen erausspillen. Um Enn bleift et awer beim 1:1 a sou deele sech béid Ekippen aus Sevilla d’Punkten am Derby.

Getafe - Valladolid 0:1
0:1 Weissman (37')

Real Madrid - Celta Vigo 2:0
1:0 Lucas (6'), 2:0 Asensio (53')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
De weideren internationale Futtball am Iwwerbléck fannt dir hei.

Back to Top
CIM LOGO