No der Coupe-VictoireTrainer Jeff Saibene verléisst de Racing

RTL Lëtzebuerg
De Racing FC Unioun Lëtzebuerg huet jo e Freideg d'Coupefinall eréischt gewonnen.
© Facebook / Racing FC Unioun Lëtzebuerg

No der 3:2-Victoire géint den F91 Diddeleng huet den Trainer vum Racing Jeff Saibene e Samschdeg de Moien annoncéiert, de Club wéinst perséinleche Grënn ze verloossen.

Dat deelt de Racing de Moien op de soziale Reseaue mat.

Den 53 Joer ale Coach wéilt méi no bei seng Fra a Kanner sinn, déi an der Schwäiz wunnen. De Jeff Saibene wéilt dann och gäre sengem Veräin fir d’Ënnerstëtzung an d’Vertrauen an dëser Saison Merci soen. Hie geet aus perséinleche Grënn, géif awer weider e Racing-Fan bleiwen.

D’Presidentin Karine Reuter an de Sportdirekter Iliès Haddadji respektéieren dës Decisioun a soen dem Jeff Saibene am Facebook-Post Merci.

Déi nächst Deeg wëll de Club schonn en neien Trainer virstellen.

Kuckt d’Finall vun der Coupe de Luxembourg am Replay um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO