Um Freideg Owend stoung d’Finall vun der Coupe de Luxembourg am Härefuttball tëschent dem Champion F91 Diddeleng an dem Racing um Programm. Et war déi éischte Kéier datt d’Finall am neie Stade de Luxembourg gespillt gouf. Um Enn huet den RFCUL no 2018 fir zweete Kéier d’Coupe mat op de Verluerekascht geholl.
Kuckt de Match am Replay um RTL Play.
An der Ufanksphas hu béid Ekippen net gefaart fir d’Zweekämpf mat vill Intensitéit ze féieren. De Favorit Diddeleng hat optesch méi vum Match, huet sech awer just kleng Chancen erausgespillt. Mat der éischter geféierlecher Aktioun ass op der anerer Säit de Racing a Féierung gaangen. No engem Corner huet de Françoise op de Gol gekäppt an de Cools huet de Ball onglécklech an den eegene Filet deviéiert. De Match war lo lancéiert an am Géigenzuch huet de Ruffier e Schoss vum Hadji misse paréieren.
An der 22. Minutt huet den F91 no engem Feeler an der Stater Ofwier den Ausgläich markéiert. De Mabella huet dem Van den Kerkhof de Ball an de Fouss gespillt, dee kee Problem hat, de Ball an de Gol ze setzen. De Golfestival ass weidergaangen an de Mabella huet säi Feeler gutt gemaach a 5 Minutte méi spéit seng Faarwen nees mat 2:1 vir bruecht. Bis zur Paus haten de Sinani fir déi Diddelenger an de Nakache fir de Racing weider Geleeënheeten, ee Gol sollt awer net méi falen.
Direkt nom Säitewiessel war dat awer de Fall, wéi dem Diouf per Fallrückzieher aus kuerzer Distanz den 2:2-Ausgläich gelongen ass. De Racing hat Problemer an de Match ze fannen a konnt sech glécklech schätzen, datt de Bettaieb oder den Hadji mat hire Chancen de Match net komplett fir Diddeleng gedréint hunn. De Realismus huet dem Favorit virum Gol awer gefeelt.
20 Minutte viru Schluss huet de Racing de Match erëm op d’Kopp gedréint. No engem wäite Ball konnt de Fox de Ball net festhalen an de Mabella huet de Ball zum 3:2 an den eidele Gol geschoss. An der Suite huet sech de Racing zréckgezunn an op Kontere gelauert. De Champion huet et weiderhi spilleresch probéiert, et ass awer net méi duergaangen, fir e weidere Gol ze markéieren. Duerch den 3:2-Succès huet sech de Racing net nëmmen d’Coupe, mee och déi lescht international Plaz geséchert.