
De PSG ass aktuell am franséische Championnat op der 3. Plaz, nëmmen 1 Punkt hannert dem Leader Olympique Lyon.
An der Champions League hu se mam FC Barcelona e schwéiere Géigner an der Aachtelsfinall.
Den Tuchel hat nach e Kontrakt bis Juni 2021 beim PSG. Hie soll an der Nuecht op en Donneschdeg vu sengem Schicksal gewuer ginn, dëst nodeems de PSG mat 4:0 géint Stroossbuerg gewonnen hat.
Den Nofollger vum Thomas Tuchel soll franséische Medien no dann och scho feststoen. Et soll de Mauricio Pochettino sinn. Den Argentinier Pochettino war bis virun engem gudde Joer Trainer bei Tottenham an England.
D’Nouvelle vun der Entloossung gouf nach net vum Veräin bestätegt.