
Vun der nächster Saison u gëtt et och nach eng drëtt europäesch Kompetitioun am Futtball an déi heescht Conference League.
D’Champions League ass d’Kinneksklass vum europäesche Futtball. Da kënnt déi zweet Kategorie, d’Europa League. D’Uefa setzt elo de Projet vun der Conference League an d’Realitéit ëm.
“Et kënnt eng 3. Coupe d’Europe bäi, fir nach e Stack méi déif ze maachen. Et gëtt een den Androck net lass, datt et ass, fir Plaz uewen ze maachen.”, esou de President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, de Paul Philipp.
Den FLF-President huet d’Champions League ugeschwat a virun allem déi grouss europäesch Clibb, déi do am Léifste komplett ënnert sech wären an esouguer eng eege Liga am Hannerkapp hunn. D’Uefa, d’europäesch Futtball-Unioun, steet op deem Punkt schonn ënnert engem gewëssenen Drock.
“Et ass d’Politik vun der Uefa, si kämpfen, fir déi berüümte Super-Ligue net ze maachen. Dofir maache si ëmmer nees e Geste. Et geet ëm d’Planungssécherheet fir esou vill wéi méiglech Ekippen, déi ganz uewe sinn.”
De Lëtzebuerger Futtball-Champion ass och an Zukunft nach an der Champions-League-Qualifikatioun dobäi. Den Zweeten an den Drëtten aus der BGL Ligue, respektiv de Coupegewënner oder 4. aus der ieweschter Divisioun, spillen an der nächster Saison awer keng Europa-League-Qualifikatioun méi, mee mussen an der drëtter Kategorie, der Conference League untrieden.
Bei där Kompetitioun stellt sech natierlech d’Fro vum Interêt vum Grand Public, dozou de Paul Philpp:
Et gesäit een, datt et elo scho schwéier ass, d’Europa League ze verkafen. Da muss een nach Datumer fannen. Wann een un de Weekend geet, huet et och nach Repercussiounen op déi national Championnater. Dat gëtt et groussen Challenge fir d’UEFA fir iwwert d’Televisiounsrechter finanziell Rentréeën ze kréien.
Den FLF-President ass sech awer och bewosst, datt d’Lëtzebuerger Veräiner an Zukunft net méi onbedéngt déi attraktiivste Géigner an där Conference League begéine wäerten:
Mir haten d’Chance an de leschte Joren zum Beispill d’Glasgow Rangers hei ze gesinn, dat wäert an Zukunft awer ëmmer méi schwéier ginn.
De Virdeel fir d’Lëtzebuerger Clibb an der Conference League kéint awer sinn, datt si an dëser Kompetitioun vläicht deen een oder aneren Tour méi wäit komme kënnen, wéi datt an der Champions League oder der Europa League de Fall gewiescht wär.