
Arsenal an Eindhoven sinn hirer Favoritteroll am Grupp A gerecht ginn a qualifizéiere sech fir déi nächste Ronn. Bodo/Glimt an Zürich sinn iwwerdeems eliminéiert.
Am Grupp B kënnt Fenerbahce op déi éischte Plaz, dat viru Rennes, Larnaca a Kiew.
Betis Sevilla séchert sech am Grupp C déi éischte Plaz, dat virum AS Roum. Ludogorets geet als 3. an d’Conference League an Helsinki op der leschter Plaz ass eliminéiert.
D’Union Saint Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalspiller Anthony Moris ass als Tabellenéischte vum Grupp D och en Tour weider. Nieft hinnen ass och de Leader aus der Bundesliga, Union Berlin, weider. Braga a Malmö kommen op d’Plazen 3 a 4.
Am Grupp E si Real Sociedad a Manchester United souverän een Tour weider, iwwerdeems Sheriff Tiraspol an d’Conference League geet. Fir den FC Omonoia aus Zypern ass d’Aventure Europa eriwwer.
Feyenoord huet um leschte Spilldag vum Grupp F fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. D’Hollänner hu mat 1:0 géint Lazio Roum gewonnen, deemno si si a Midtjylland weider, iwwerdeems Lazio a Sturm Graz eliminéiert sinn. D’Ekipp vu Roum muss sech elo mat der Conference League zefridde ginn.
Freiburg an Nantes sinn iwwerdeems och en Tour weider. Net gepackt am Grupp G hunn et Qarabag an Olympiakos Piräus.
Am Grupp H krope sech Ferencvaros aus Ungarn a Monaco d’Plazen 1 an 2. Déi drëtt Plaz ass fir Trabzonspor, iwwerdeems de Roude Stär Belgrad nëmmen op déi leschte Plaz kënnt.