
An der Ligue 1 huet sech Lille mat 2:0 géint Nantes behaapt.
Union Berlin - Mainz 4:1
1:0 Behrens (1'), 2:0 Behrens (9'), 2:1 Caci (64'), 3:1 Behrens (70'), 4:1 Pantovic (90+6')
Mainz ass ganz schlecht an d’Partie gestart an d’Heemekipp war séier duerch de Behrens mat 1:0 vir. Kuerz drop huet de selwechte Spiller op 2:0 erhéicht. D’Gäscht sinn no der Paus besser an de Match komm a konnten duerch de Caci verkierzen. D’Freed bei der Ekipp vum Leandro Barreiro huet net laang gedauert. An der 70. Minutt huet de Behrens mat sengem 3. Gol fir d’Virentscheedung gesuergt. An der Nospillzäit ass och nach de 4. Gol gefall. De Mainzer Spiller Ajorque huet direkt 2 Eelefmeter net erakritt. Et ass fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der Bundesliga, datt engem Spiller esou ee Malheur passéiert.
Eintracht Frankfurt - Darmstadt 1:0
1:0 Kolo Muani (40')
Am zweete Match ass der Eintracht vu Frankfurt ee Gol vum Kolo Muani duergaange, fir sech knapp mat 1:0 géint Darmstadt ze behaapten. Den Hessenderby war laang en zéie Match, wou den Opsteiger aus Darmstadt gutt dogéint gehalen huet. Um Enn huet de franséische Stiermer déi 3 Punkte fir d’Ekipp vum Dino Toppmöller gerett.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
West Ham - Chelsea 3:1
1:0 Aguerd (7'), 1:1 Chukwuemeka (28'), 2:1 Antonio (53'), 3:1 Paqueta (90+5', Eelefmeter)
Chelsea konnt och am 2. Match net gewannen an huet eng 1:3-Defaite zu West Ham kasséiert. D’Gäscht hate méi vum Match, d’Hammers waren an hiren Aktiounen no vir awer ëmmer geféierlech. Nom 1:0 fir d’Heemekipp konnt Chelsea zwar ausgläichen. D’Gäscht hunn och no der Paus ze vill zougelooss a kruten zwee Goler geschoss ouni selwer ze markéieren. No 2 Matcher ass de Start zu Chelsea mam neien Trainer Mauricio Pochettino net gegléckt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Salernitana 2:2
1:0 Belotti (17'), 1:1 Candreva (36'), 1:2 Candreva (49'), 2:2 Belotti (82')
De Favorit hat an der Ufanksphas alles am Grëff an huet och den éischte Gol markéiert. No der hallwer Stonn sinn d’Gäscht awer besser an de Match komm an de Candreva huet mat senge Goler d’Partie op d’Kopp gehäit. Nom 1:2-Réckstand huet d’Heemekipp misse bis an d’Schlussphas waarden, éier si nach emol markéiere konnt. De Belotti hat de Ball fir d’zweete Kéier am Filet ënnerbruecht. Fir e weidere Gol soll et awer net méi duergoen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lille - Nantes 2:0
1:0 David (66'), 2:0 Ounas (90+4')
An der 1. Hallschent hunn d’Spectateuren zu Lille eng equilibréiert Partie gesinn. Och no der Paus ware béid Ekippe gläich staark bis den David den 1. Gol fir d’Heemekipp markéiert huet. No der rouder Kaart fir den Alexsandro an der 78. Minutt waren d’Gäscht an Iwwerzuel. Den Ounas huet mat sengem Gol den Deckel an der Nospillzäit op d’Partie gemaach.