Lëtzebuerger Futtballer am AuslandUnion St. Gilloise verléiert mam Anthony Moris 0:5 an der Coupe

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet d'Union St. Gilloise an der belscher Coupe eng batter Néierlag géint Anderlecht missen astiechen.
© pressphoto Archiv

Um Enn huet d’Ekipp vum Anthony Moris nämlech mat 0:5 verluer an ass domat eliminéiert. Nieft dem Lëtzebuerger Nationalspiller stoung ënnert anerem och den Edisson Jordanov um Terrain, deen d’Lëtzebuerger villäicht nach vum F91 Diddeleng kennen.

Dënschdeg

De Vincent Thill stoung en Dënschdeg den Owend bei der 1:0-Victoire vu senger Ekipp Nacional Funchal géint Boavista Porto an der Startopstellung, gouf an der 63. Minutt awer ausgewiesselt. Deen eenzege Gol vum Match war e Selbstgol.

De Standard vu Léck war en Dënschdeg den Owend an der belscher Coupe bei Kortrijk op Besuch. De Laurent Jans war hei och am 11 de base a ka sech iwwer eng Victoire vu senger Ekipp freeën. Et war awer een haart Stéck Aarbecht, well Léck konnt sech eréischt nom Eelefmeterschéisse behaapten. No 90 Minutte stoung et 1:1.

Back to Top
CIM LOGO