"Queen & King of the Court"Véier Lëtzebuerger Teams am Asaz géint staark international Konkurrenz

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg gëtt um Kierchbierg den "Queen and King of the Court" am Beachvolleyball gespillt.
Véier Lëtzebuerger Ekippe beim King&Queen of the Court am Asaz
Um Enn war déi international Konkurrenz awer ze staark, fir datt sech eng Ekipp aus dem Grand-Duché fir d’Véierelsfinalle sollt qualifizéieren.

E Mëttwoch war et um Dammenduo Delcourt – Klerf an un der Härekoppel Complak – Terwindt, fir sech mat internationalen Topathleten ze moossen. Um Enn si béid Ekippen ouni Punkt an der Gruppephas eliminéiert ginn. Viru volle Gradine mat enger flotter Atmosphär hunn e Mëttwoch aus Lëtzebuerger Siicht d’Eline Delcourt an d’Rebekka Klerf den Optakt vun der Owessessioun am Grupp C gemaach. Dat och an der Presenz vum Groussherzog Henri an dem Sportminister Georges Engel. Um Enn war fir déi béid Lëtzebuergerinnen no deenen éischte 15 Minutte Schluss. Obwuel si et zweemol op d’Queensäit gepackt hunn, war hinne géint déi staark Konkurrenz kee Punkt vergënnt. Trotzdeem war et fir béid en eemolegt Erliefnis.

Duerno waren déi Lëtzebuerger Blécker dunn op den Duo Terwindt – Complak geriicht. Duerch d’Zéie vu Kaarten hate si d’Recht, direkt op der Challenger-Säit unzefänken a konnten hir Géigner och direkt mat enger flotter Variant iwwerraschen. Si konnten en Ace mat hirem Opschlag maachen an doriwwer si béid Spiller glécklech.

An der Suite hu béid Lëtzebuerger et nach eng weider Kéier op d’King-Säit gepackt, mä ee Punkt sollt och hinnen net geléngen. Mat der Nummer 3 vun Welt, dem polneschen Duo Bryal – Losiak, hat een och ganz staark Konkurrenz am Grupp. Ofkucke konnt ee sech vun senge Géigner wärend dem Match awer net wierklech eppes. Dofir war d’Zil, fir dann um Donneschdeg iwwert d’Playoffs weiderzekommen.

Dat sollt hinnen awer net geléngen. Genau sou wéi den Dammen-Duo Delcourt – Klerf an d’Koppel Zuidberg – Novais, déi schonn e Mëttwoch am fréien Nomëtteg als Leschten an hirem Grupp eliminéiert goufen, sinn dräi Lëtzebuerger Ekippen am Playoff vun de Leschtplazéierten eliminéiert ginn.

Besser goung et dogéint en Donneschdeg beim Colin Hilbert an Steve Weber. Béid Lëtzebuerger hu sech als Véierten an hirem Grupp fir dee méi grousse Playoff qualifizéiert. Och wann een do um Enn eliminéiert gouf, kann een insgesamt houfereg op d’Leeschtung vun de Lëtzebuerger sinn.

LINK: Hei fannt Dir d’Resultater vun den Dammen
LINK: Hei fannt Dir d’Resultater vun den Hären
LINK: D’Matcher am Replay
RTL-News: “Queen & King of the Court” D’Véierelsfinalle sti fest

Back to Top
CIM LOGO