
Scho virum leschte Spilldag war a ville Gruppe schonn alles oder quasi alles entscheet. An der Grupp A wéi och an der Grupp C war schonn alles kloer. An der Grupp B goung et nach ëm d’Plaz an der Europa League, déi sech Leverkuse séchere konnt, ma an der Grupp D konnt nach quasi alles passéieren. Hei waren et zum Schluss Tottenham a Frankfurt, déi eng ronn weider sinn. Marseille gouf an der leschter Sekonn esouguer nach aus der Europa League geschoss, fir déi sech domadder Sporting qualifizéiert huet.
Olympique Marseille - Tottenham Hotspur 1:2
1:0 Mbemba (45'+2), 1:1 Lenglet (54'), 1:2 Hojbjerg (90'+5)
Marseille huet als leschten an der Grupp misste gewannen, fir iwwerhaapt nach eng Chance op d’Aachtelsfinallen ze hunn. Datt si dat och wollten, hu si vun Ufank u gewisen. Si hate méi vum Match, hu sech méi Chancen erausgespillt an hu sech och duerch de Gol vum Mbemba kuerz virun der Paus belount. Vun Tottenham koum just ganz wéineg, hir eenzeg richteg geféierlech Golchance hate si kuerz nom 0:1. E Bemol an der 1. Hallschent dogéint war, datt de Bailly op der Säit vu Marseille an de Son op der Säit vun Tottenham fréi verletzungsbedéngt hu missten ausgewiesselt ginn.
Tottenham ass awer besser aus der Paus komm an huet méi no Vir gemaach. De Lenglet huet an der 54. Minutt seng Faarwen dunn erléist, dat no engem schéine Kappball no engem Fräistouss vum Perisic. Marseille hat nom Säitewiessel Problemer, fir nees richteg an de Match ze kommen a si just seele geféierlech virum Gol vun Tottenham opgetaucht. An der 81. Minutt hat Marseille du vill Chance, well e Schoss vum Hojbjerg just d’Lat vum Gol getraff huet. Dës Zeen huet Marseille dunn erwächt, well knapp 2 Minutte méi spéit konnt de Schoss vum Harit in extremis gerett ginn. Marseille huet den Drock nees konnten erhéijen a sech nach déi eng oder aner Chance an der Schlussphas erausspillen. Et sollt awer näischt zielbares méi fir d’Fransousen dobäi eraussprangen, au Contraire hu si sech an der 94. Minutt auskonntere gelooss an den Hojbjerg huet mat der leschter Aktioun vum Match den 2:1 fir d’Gäscht markéiert. Mat dëser Victoire an der leschter Sekonn qualifizéiert sech Tottenham als 1. vum Grupp fir d’Aachtelsfinallen, Marseille dogéint fält op déi véiert Plaz erof.
Sporting - Eintracht Frankfurt 1:2
1:0 Arthur Gomes (39'), 1:1 Kamada (62', p), 1:2 Kolo Muani (72')
Och am zweete Match vun dësem Grupp goung et ëm alles. Well, wien hei gewënnt, ass sécher an der Aachtelsfinall. Béid Ekippen ware grad an der éischter Hallschent quasi op engem Niveau a béid hunn defensiv net vill zougelooss. De Gomes konnt awer fir Sporting eng vun de wéinege Chancen an der éischter Hallschent notzen, an d’Portugisen a Féierung bréngen. Ma no ronn enger Stonn huet den Arbitter no engem Händs am Strofraum op de Punkt gewisen an de Kamada huet et sech net huele gelooss, fir nees auszegläichen. Ronn 10 Minutte méi spéit huet den Europa-League-Gewënner nees konnte feieren, well de Kolo Muani de Match dréine konnt. Bei dem Score sollt et dann och bleiwen, esou datt Frankfurt am leschte Match vun der leschter Plaz an der Grupp op déi zweete klëmmt, Sporting dogéint kënnt just op déi drëtte Plaz a spillt an der Europa League.
FC Liverpool - SSC Neapel 2:0
1:0 Salah (86'), 2:0 Nunez (90+8)
Glasgow Rangers - Ajax Amsterdam 1:3
0:1 Berghuis (4'), 0:2 Kudus (29'), 1:2 Tavernier (86',p), 1:3 Conceicao (89')
Wéineg Spannung gouf et am Grupp A, wou et zwar nach am Spëtzenduell tëscht Liverpool an Neapel ëm déi 1. Plaz goung. No enger Néierlag an England zitt Neapel awer als 1. an d’Haaptronn, Liverpool als 2. Ajax spillt als 3. Europa League an d’Rangers sinn eraus.
FC Porto - Atletico Madrid 2:1
1:0 Taremi (5'), 2:0 Eustaquio (24'), 2:1 Marcano (90'+5, SG)
Bayer Leverkusen - Club Brügge 0:0
Porto a Brügge ware scho virun dëse Partië fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. Duerch d’Victoire vun de Portugisen an dem Gläichspill vun de Belsch ass Porto awer elo als Éischte weider. Dës Néierlag fir Madrid an d’Gläichspill fir Leverkusen bedeit awer och, datt de Vertrieder aus Däitschland sech an d’Europa League ziddert, wärend Atletico komplett eliminéiert gouf.
Bayern München - Inter Mailand 2:0
1:0 Pavard (32'), 2:0 Choupo-Moting (72')
Victoria Pilsen - FC Barcelona 2:4
0:1 Alonso (6'), 0:2 Torres (44'), 1:2 Chory (51',p), 1:3 Torres (54'), 2:3 Chorty (63'), 2:4 Torre (75')
Am Grupp C war scho virum Spilldag alles kloer. Esou hunn déi véier Veräiner nach quasi just fir d’Gallerie gespillt. No der Victoire zéien d’Bayern mat der voller Punktzuel an d’Aachtelsfinallen, begleet vun Inter Mailand. Barcelona spillt Europa League a Pilsen ass eliminéiert.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.