Lëtzebuerger Futtballer am AuslandVictoire fir d'Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris

RTL Lëtzebuerg
Duerch den 2:0-Succès zu Malmö huet de Lëtzebuerger Golkipp mat senger Ekipp d'Gruppephas iwwerstanen a steet am nächsten Tour vun der Europa League.
© Anders Bjuro/TT NEWS AGENCY/AFP

Den Anthony Moris stoung dobäi wéi gewinnt de ganze Match tëschent de Pottoen. D’Union Saint-Gilloise war duerch den Teuma an der 10. Minutt a Féierung gaangen. An der 42. Minutt huet de Lazare Amani op 2:0 erhéicht. No der Paus sollte keng Goler méi falen. Um Enn hu sech d’Belsch verdéngt mat 2:0 zu Malmö duerchgesat.

An der Conference League huet de Marvin Martins mat Austria Wien keng Chance méi, een Tour weider ze kommen. Nom 1:1-Remis géint Lech Posen läit ee mat 2 Punkten op der leschter Plaz vum Grupp C. De Lëtzebuerger huet 90 Minutten duerchgespillt.

De Match tëschent Slovacko a Köln am Grupp D huet wéinst déckem Niwwel misse verréckelt ginn. D’Partie gëtt viraussiichtlech um Freideg um 13 Auer ugepaff. De Mathias Olesen steet wéinst senger Blessur awer net am Kader.

Back to Top
CIM LOGO