BundesligaVictoirë fir Hoffenheim, Freiburg a Bielefeld

RTL Lëtzebuerg
Stuttgart a Bochum hunn donieft 1:1 gläich gespillt. Um Samschdeg Owend hat Köln nach d'Eintracht Frankfurt op Besuch.
Freiburg steet no der Victoire op der 5. Plaz an der Tabell.
Freiburg steet no der Victoire op der 5. Plaz an der Tabell.
© AFP (Archiv)

Fir Wolfsburg leeft et weiderhin an der Bundesliga net gutt. D’Ekipp vum Florian Kohfeldt verléiert mat 1:2 géint Hoffenheim. An der éischter Hallschent waren et fir d’éischt déi Hoffenheimer déi probéiert hunn de Match ze maachen. D’Heemekipp ass awer lues a lues besser an de Match komm an huet an der 36. Minutt duerch de Jonas Wind den 1:0 markéiert. Zu dem Zäitpunkt war d’Féierung fir déi Wolfsburger méi wéi verdéngt. No der Paus war et en equilibréierte Match a Wolfsburg hätt no 72 Minutte misse mat 2:0 a Féierung goen. De Roussillon huet awer aus 10 Meter donieft geschoss. Op der Géigesäit huet Hoffenheim et besser gemaach. Duerch zwee Goler vu Bruun Larsen a Kramaric innerhalb vu 4 Minutten huet Hoffenheim de Match gedréint. D’Heemekipp hat näischt méi dogéint ze setzen a bleift an der Tabell op der 12. Plaz hänken.

Bochum huet iwwerdeems beim 1:1-Remis zu Stuttgart eng gutt Affär am Ofstigskampf gemaach. No enger 1. Hallschent ouni Goler ass Stuttgart duerch e Selbstgol vum Bochumer Bella Kotchap a Féierung gaangen. An der Suite hunn d’Haushären et verpasst, de Sak mat engem zweete Gol zou ze maachen. Bochum huet an der Schlussphas alles no vir gehäit a kruten an der Nospillzäit en Eelefmeter gepaff. De Löwen huet äiskal verwandelt. Stuttgart bleift op enger direkter Ofstigsplaz wärend Bochum mat 29 Punkte souverän an der Mëtt vun der Tabell stoe bleift.

Arminia Bielefeld huet sech doheem mat 1:0 géint Union Berlin behaapt. Och fir Bielefeld waren et dräi wichteg Punkten am Ofstigskampf. D’Gäscht hunn iwwerdeems säit dräi Matcher net méi an de Gol getraff.

Augsburg verléiert donieft nach 1:2 géint den SC Freiburg.

Um Samschdeg Owend huet Köln mat 1:0 géint Eintracht Frankfurt d’Iwwerhand behalen. Béid Ekippen hu sech vun Ufank un eng serréiert Partie geliwwert. An der 1. Hallschent huet Köln mat méi Drock no vir gespillt. Frankfurt sollt mat där enger oder anerer Golchance awer gutt mathalen. E Gol ass virum Téi kenger Ekipp gelongen. Och no der Paus hu béid Ekippe gekämpft a probéiert, den entscheedende Gol ze markéieren. Um Enn war et den agewiesselte Modeste, deen an der 84. Minutt mat sengem Gol d’Partie fir d’Kölner entscheet huet. Duerch dëse Succès réckelt Köln an der Tabell op déi 6. Plaz no vir. De Lëtzebuerger Mathias Olesen stoung bei Köln net am Kader.

Um Freideg Owend hat Mainz an enger geckeger Partie mat 3:2 géint Leverkusen gewonnen. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro gouf an der Nospillzäit agewiesselt.

Den Iwwerbléck iwwert déi aner international Championnater fannt Dir hei.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO