
An der Bundesliga huet sech um Samschdeg Owend Köln knapp mat 1:0 géint Frankfurt behaapt.
Nantes huet sech an der Ligue 1 iwwerdeems iwwerraschend däitlech mat 3:1 géint de PSG duerchgesat. An der Paus stoung et 3:0 fir d’Heemekipp. Fir d’Gäscht huet de Neymar beim Stand vun 1:3 och nach en Eelefmeter verschoss.
Manchester City - Tottenham 2:3
0:1 Kulusevski (4'), 1:1 Gündogan (33'), 1:2 Kane (59'), 2:2 Mahrez (90'+2, Eelefmeter), 2:3 Kane (90'+5)
Manchester City huet trotz enger grousser Dominanz iwwert déi 90 Minutte mat 2:3 géint Tottenham verluer. D’Gäscht mam Trainer Antonio Conte ware fréi a Féierung gaangen. Nach virun der Paus konnt de Gündogan awer ausgläichen. Nom Säitewiessel huet Tottenham op Kontere gelauert a sinn dofir direkt belount ginn. De Kane huet den 2:1 fir seng Faarwe markéiert. An enger turbulenter Schlussphas huet fir d’éischt de Mahrez an der Nospillzäit ausgeglach. Mat engem weidere Gol knapp 3 Minutte méi spéit ass den Harry Kane awer zum Matchwinner avancéiert. Tottenham huet mat dësem Erfolleg de Championnat an England méi spannend gemaach.
Crystal Palace - Chelsea 0:1
0:1 Ziyech (89')
Beim éischte Match als neie Klub-Weltmeeschter huet sech Chelsea laang schwéier gedoen. Besonnesch an der 1. Hallschent huet Crystal Palace gutt dogéint gehalen. Den Olise an den Zaha hunn awer gutt Méiglechkeete leie gelooss. Nom Säitewiessel war et weiderhin eng Partie op schwaachem Niveau, soudass et bis zur 89. Minutt gedauert huet, éier d’Gäscht den entscheedende Gol markéiere konnten. No enger Flank vum Marcos Alonso huet den Ziyech de Ball am Filet ënnerbruecht.
Liverpool - Norwich 3:1
0:1 Rashica (48'), 1:1 Mané (64'), 2:1 Salah (67'), 3:1 Diaz (81)
Och Liverpool huet sech iwwert eng Stonn géint den Tabelleleschten Norwich schwéier gedoen. D’Gäscht ware kuerz no der Paus a Féierung gaangen, konnten dëse Virsprong awer net laang halen. Mat engem akrobatesche Fallrückzieher ass dem Mané de verdéngten Ausgläich gegléckt. D’Reds hunn dono dominant weidergespillt an d’Resultat mam Salah an Diaz komplett gedréint. Duerch d’Néierlag vu Manchester City huet d’Ekipp vum Jürgen Klopp bei engem Match manner just nach 6 Punkte Retard op den Tabelleleader.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Hellas Verona 2:2
0:1 Barak (5'), 0:2 Tameze (20'), 1:2 Volpato (65'), 2:2 Bove (84')
D’AS Roum hat e ganz schlechte Start an de Match géint Hellas Verona. Duerch Goler vu Barak an Tameze louch d’Ekipp vum José Mourinho séier mat 0:2 hannen. De Startrainer war et awer, dee mam Volpato a Bove zwee jonk Spiller agewiesselt huet, déi mat 2 Goler fir de Remis gesuergt hunn. Fir Roum war et de 4. Match hannerteneen ouni Victoire.
Salernitana - AC Mailand 2:2
0:1 Messias (5'), 1:1 Bonazzoli (29'), 2:1 Djuric (72'), 2:2 Rebic (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nantes - PSG 3:1
1:0 Kolo Muani (4'), 2:0 Merlin (16'), 3:0 Blas (45'+5, Eelefmeter), 3:1 Neymar (47')
Lens - Lyon 1:1
1:0 Clauss (13'), 1:1 Kadewere (44')
Lyon ass zu Lens net iwwert en 1:1-Remis erauskomm. D’Heemekipp war fréi duerch de Clauss a Féierung gaangen. De Kadewere huet virun der Paus nach ausgeglach. An der 2. Hallschent ass kenger Ekipp méi e Gol gelongen. Lyon huet et domadder verpasst, méi no un d’Champions-League-Plazen ze réckelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Osasuna - Atlético Madrid 0:3
0:1 Joao Felix (3'), 0:2 Suarez (59'), 0:3 Correa (89')
Atlético huet sech auswäerts ouni Problemer mat 3:0 géint Osasuna duerchgesat. Den Highlight vum Match war dem Suarez säi Gol aus ronn 40 Meter. Do virdrun hat de Joao Felix seng Ekipp fréi a Féierung geschoss. Kuerz viru Schluss huet de Correa den Deckel op d’Partie drop gemaach. D’Gäscht bleiwen domadder och op der 4. Plaz an der spuenescher Liga.
Real Madrid - Deportivo Alavés 3:0
1:0 Asensio (63'), 2:0 Vinicius Jr. (80'), 3:0 Benzema (90'+1, Eelefmeter)