
1. FC Köln - Arminia Bielefeld 3:1
1:0 Wolf (9'), 2:0 Wolf (28'), 3:0 (Rexhbecaj (63'), 3:1 Cordova (73')
Glécklech Gesiichter zu Köln. Net nëmmen dass de Max Meyer seng éischt Minutte fir säin neie Veräin ze spille krut, mee virun allem och well een duerch eng iwwerzeegend Leeschtung 3 ganz wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig feiere konnt. Bielefeld huet kee schlechte Match gespillt, mee Köln war virum Gol einfach méi effizient an huet an deene richtege Momenter d’Goler geschoss. Mann vum Dag war de Marius Wolf, deen déi éischt 2 Goler fir d’Geessebocke geschoss hunn. De Cordova huet an der 73. Minutt wuel nach den Uschlossgol geschoss, et sollt awer beim 1:3 aus der Siicht vun de Gäscht bleiwen. Domat iwwerhëlt Köln Bielefeld an der Tabell a steet elo op der 14. Plaz.
VfL Wolfsburg - SC Freiburg 3:0
1:0 Brooks (21'), 2:0 Weghorst (39'), 3:0 Gerhard (86')
Trotz enger gudder Leeschtung huet Freiburg missen an der 1. Hallschent 2 Goler verdauen. De Brooks an der 21. Minutt an de Weghorst an der 39. Minutt hunn d’Goler fir de VfL markéiert. No der Paus huet Freiburg mat 100 à l’heure ugefaangen. Dem Santamaria säi Schoss ass no 50 gespillte Sekonnen awer nëmmen op d’Lat gaangen. Nodeems den Höler säi Schoss vum Casteels mat enger super Parad an der 73. Minutt ofgewiert gouf, huet de Gerhard an der 86. Minutt mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Chelsea - FC Burnley 2:0
1:0 Azpilicueta (41'), 2:0 Alonso (84')
Am zweete Match ënnert dem Thomas Tuchel kënnen d’Blues sech eng éischte Kéier iwwer 3 Punkte freeën. Vun Ufank u war Chelsea déi besser Ekipp, dëst beleet och d’Statistik vun 19 Schëss, Burnley déi offensiv näischt op d’Been kruten, hate guer kee Schoss a Richtung Gol. Sou war et de Kapitän Azpilicueta, deen d’Lokalekipp an der 40. Minutt no Viraarbecht vum Hudson-Odoi a Féierung geschoss huet. Kuerz viru Schluss huet den Alonso fir d’Schlussresultat gesuergt.
Leicester City - Leeds United 1:3
1:0 Barnes (13'), 1:1 Dallas (15'), 1:2 Bamford (71'), 1:3 Harrison (84')
D’Foxes konnten d’Féierung aus der 13. Minutt duerch de Barnes net iwwert Zäit bréngen, sou dass si sech dach iwwerraschend däitlech mussen doheem mat 1:3 géint den Opsteiger Leeds United geschloe ginn. Dallas, Bamford a Harrison hunn d’Goler fir d’Gäscht geschoss.
West Ham United - FC Liverpool 1:3
0:1 Salah (57'), 0:2 Salah (68'), 0:3 Wijnaldum (84'), 1:3 Dawson (87')
Den aktuellen englesche Champion war an deenen éischte 45 Minutten déi dominéierend Ekipp, ouni sech awer eng ganz grouss Chance erauszespillen. D’Hammers stounge kompakt, ouni sech awer grouss Konterméiglechkeeten erauszespillen, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. Nom Téi huet d’Stonn vum Salah geschloen. 2 Goler bannent 11 Minutten hu fir d’Virentscheedung gesuergt. Um Enn gewënnt Liverpool mat 3:1 beim Verfolger West Ham a baut de Virsprong op d’Hammers op 5 Punkten aus.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - Lazio Roum 1:3
0:1 Marusic (3'), 0:2 Correa (51'), 1:2 Pasalic (79'), 1:3 Muriqi (83')
SSC Neapel - FC Parma 2:0
1:0 Elmas (32'), 2:0 Politano (82')
Neapel huet sech de ganze Match iwwer immens schwéier gedoe géint eng kompakt Defense vu Parma. Den Underdog huet gutt dogéint gehalen, allerdéngs huet et hinnen an der Offensiv un der néideger Effizienz gefeelt. Neapel ass eng gutt Chance duergaangen, fir de virentscheedende Gol ze markéieren. An der 82. Minutt huet de Politano de Sak zou gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Stade Brest - FC Metz 2:4
1:0 Honorat (33'), 1:1 Boulaya (37'), 2:1 Cardona (48'), 2:2 Sarr (74'), 2:3 Yade (82'), 2:4 Vagner (88')
Metz ass a bleift weiderhin a ganz gudder Form a ka sech och géint Stade Brest 3 Punkte sécheren. No engem 1:2 Réckstand kënne Sarr a Co. de Match nach dréinen. Den Detail vum Match kënnt Dir bei eise Kolleege vun RTL 5minutes noliesen.
FC Lorient - Paris St. Germain 3:2
1:0 Abergel (37'), 1:1 Neymar (45'), 1:2 Neymar (57'), 2:2 Wissa (80'), 3:2 Moffi (90+2')
An der 36. Minutt huet de kloren Aussesäiter iwwerraschend den éischte Gol am Match geschoss. Den Abergel huet de Gol fir Lorient markéiert. Laang sollt d’Lokalekipp awer net am Genoss vun der Féierung bleiwen. Quasi mam Pausentéi krut de PSG een Eelefmeter zougesprach, dee sech den Neymar net entgoe gelooss huet, sou dass et mat engem 1:1-Gläich an d’Paus gaangen ass. Nom Téi krut de PSG erëm een Eelefmeter, alt nees war et de Verdeedeger Mendes, deen ze ongestierm am Strofraum verdeedegt huet. Trotz der Féierung vum PSG huet Lorient dunn de Match awer nach gedréint. Nodeems de Wissa den Ausgläich markéiere konnt, huet de Moffi an der Nospillzäit den 3:2 fir Lorient geschoss.
OSC Lille - FCO Dijon 1:0
1:0 Yazici (29')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Cadiz - Atl. Madrid 2:4
0:1 Suarez (28'), 1:1 Negredo (35'), 1:2 Saul (44'), 1:3 Suarez (50'), 2:3 Negredo (71'), 2:4 Koke (88')
Souwuel de Suarez op Säite vun Atlético wéi och den Negredo bei Cadiz hu jeeweils 2 Goler fir hir Ekippe markéiere konnten. Tëschenzäitlech huet et souguer esou ausgesinn, wéi wann d’Lokalekipp géif de Match no fréiem Réckstand dréinen, mee de Leader aus der La Liga huet Cadiz kuerz virun der Paus mat engem Gol vum Saul kal erwëscht. An der Schlussphas hat Cadiz dunn nach Chancen op den Ausgläich, duerch e Konter vum Koke huet de Spuenier de Match awer entscheet.