Internationale FuttballVictoirë fir Manchester City an Atlético Madrid

RTL Lëtzebuerg
City klappt Southampton an Atlético wënnt géint Bilbao. A Frankräich ka Marseille sech géint Rennes behaapten a Bremen klappt an der Bundesliga Bielefeld.
© AFP (ARCHIV)

Um Mëttwoch den Owend stoung an Däitschland, England, Frankräich a Spuenien jeeweils een Nodrosmatch aus dem Championnat um Programm.

Bundesliga

Arminia Bielefeld - Werder Bremen 0:2
0:1 Sargent (47'), 0:2 Möhwald (75')

Am Nodrosmatch vum 20. Spilldag war den Opsteiger Bielefeld an der 1. Hallschent déi méi aktiv Ekipp, ouni sech awer 100 % Chancë géint eng dicht gestapelt Bremer-Defense erauszespillen. Eenzeg den Doan hätt de Ball kéinten am Filet ënnerbréngen, den Toprak huet awer a leschter Sekonn fir d’Visiteuren den 0:0 an d’Paus gerett. Direkt no der Paus huet de Sargent mat der éischter Chance fir Bremen den 1:0 fir d’Werderaner markéiert. Nodeems Bielefeld duerch eng Rout-Kaart vum Medina nëmmen nach zu 10 um Terrain stoung, huet Bremen de fräie Raum genotzt a mam 2:0 duerch de Möhwald de Match fréizäiteg entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Manchester City - FC Southampton 5:2
1:0 De Bruyne (15'), 1:1 Ward-Prowse (25'), 2:1 Mahrez (40'), 3:1 Gündogan (45+3'), 4:1 Mahrez (55'), 4:2 Adams (56'), 5:2 De Bruyne (59')

D’Ekipp vum Ralph Hasenhüttl huet vun Ufank un eng immens engagéiert Leeschtung gewisen a ManCity virun allem an der Ufanksphas ëmmer nees viru Problemer am Spillopbau bruecht. No enger Véierelsstonn sinn dunn d’Skyblues aus dem Näischt duerch e Gol vum De Bruyne a Féierung gaangen, éier Southampton mat engem berechtegen Eelefmeter den Ausgläich an der 25. Minutt geschoss huet. Nom 1:1 vum Ward-Prowse ass City duerch en individuelle Feeler vum Adams 1:2 a Réckstand geroden, éier de Gündogan nach virun der Paus de Score op 2 Goler Virsprong ausbaue konnt. An enger geckeger 2. Hallschent ass et hin an hier gaangen, an där virun allem Southampton am Laf vum Match keen Zougrëff méi krut. Esou gewënnt Manchester City verdéngt mat 5:2 géint Southampton.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Olympique Marseille - Stade Rennes 1:0
1:0 Cuisance (88')

Laang huet et am Nodrosmatch vum 22. Spilldag an der Ligue 1 no engem 0:0-Gläich ausgesinn. 2. Minutte viru Schluss huet dunn de Cuisance den entscheedende Gol fir Marseille geschoss. Duerch dës Victoire ass Marseille an der Tabell laanscht Metz gezunn a steet elo op der 6. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Athletic Bilbao 2:1
0:1 Muniain (21'), 1:1 Llorente (45+2'), 2:1 Suarez (51')

Athletic Bilbao ass mam éischte richtegen Ugrëff an der 21. Minutt duerch e Gol vum Muniain net onverdéngt a Féierung gaangen. D’Basken si weider um Ball bliwwen an hätten de Score mat enger besserer Chanceverwertung ausbaue kéinten. Esou ass den Tabelleleader kuerz virun der Paus nach den Ausgläich gegléckt. 6 Minutten nom Säitewiessel krut Atlético no engem Foul um Suarez en Eelefmeter zougesprach. De Stiermer huet et sech net huele gelooss an d’Chance genotzt, fir den 2:1 fir seng Ekipp ze markéieren. An der Suite ass vu Bilbao net méi all ze vill komm, sou dass d’Ekipp vum Diego Simeone elo 6 Punkte viru Barcelona läit.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO