US OpenVictoria Azarenka wënnt an 3 Sätz géint d'Serena Williams

RTL Lëtzebuerg
Op de US Open stinn d'Victoria Azarenka an d'Japanerin Naomi Osaka an der Finall.

Domadder huet d'Serena Williams hir Chance op en neie Grand-Slam-Rekord verpasst. D'Amerikanerin huet sech elo musse mat 6-1, 3-6 an 3-6 géint d'Spillerin aus Belarus geschloe ginn. Si muss also weiderhin op hire 24. Grand-Slam-Titel waarden.

D'Nummer 9 op der Welt Naomi Osaka huet sech mat 7-6, 3-6 a 6-3 géint d'Amerikanerin Jennifer Brady behaapt.

Back to Top
CIM LOGO