
Ënnert anerem huet sech d’LFL jo dogéint entscheet. Aner Strategie dogéint am Volleyball, wou d’Veräiner aus der ieweschter Divisioun sech en Donneschdeg den Owend per Video-Konferenz konsertéiert hunn a majoritär derfir sinn, Antigène-Schnelltester virun de Matcher ze maachen.
Detailer wëll een an enger Reunioun d’nächst Woch klären.
Och bei der Reprise vum Basket-Championnat ginn Covid-Schnelltester obligatoresch. Dat huet d’Basketfederatioun matgedeelt.