D'Reprise vum Futtball-Championnat ass dëse Samschdeg mat zwou Partien: Fola géint Rouspert a Racing géint Jeunesse.

Anescht wéi zum Beispill am Handball gëtt awer am Futtball op d'mannst fir den Optakt net op d'Schnelltester zeréckgegraff, fir de Covid-19 nozeweisen. Dëst hunn d'Veräiner vun der LFL, der Lëtzebuerger Futtball Liga, e Mëttwoch den Owend an enger Reunioun festgehalen.

Et besteet och keng Obligatioun vu Säite vum Sportsministère, fir dës Schnelltester mussen ze maachen.

Am Ufank vum Championnat war et esou, datt wann ee Spiller positiv getest gouf, de jeeweilege Match huet misste verluecht ginn. Elo ass et awer esou, datt, wann ee Spiller ee positive PCR-Test hätt, géif dëse Spiller zwar isoléiert ginn, mee de Match kéint awer gespillt ginn.

Eisen Informatiounen no hate sech och eng Partie Veräiner vun der LFL dofir ausgeschwat, fir dëse Weekend nach net ze spillen, allerdéngs ass dëst vun der Majoritéit net zeréckbehale ginn.

D'Reprise vum Futtball-Championnat ass dëse Samschdeg mat zwou Partien. D'Fola spillt géint Rouspert an de Racing kritt Besuch vun der Jeunesse. Déi aner Matcher si sonndes.