
Dobäi konnten sech déi zwou stäerksten Ekippen aus dem Championnat, d’Résidence Walfer an d’Amicale Steesel, eng weider Victoire sécheren a bleiwe punktgläich un der Tabellespëtzt vun der Liga. Um Freiden an um Samschdeg sinn déi aner Matcher vum 8. Spilldag gespillt ginn.
D’Résidence Walfer huet auswäerts mat 91:80 géint den Opsteiger Mamer gewonnen. D’Gäscht konnten sech mat engem staarken drëtte Véierel (29:16) entscheedend ofsetzen. De Leon Ayers konnt mat 27 Punkten iwwerzeegen, donieft huet den Nationalspiller Oliver Vujakovic 21 Punkte markéiert.
D’Amicale Steesel huet sech auswäerts mat 88:79 géint de Gréngewald Hueschtert duerchgesat. D’Lokalekipp louch an der Paus mat 29:38 hannen, huet sech awer zeréck an de Match gekämpft an dem Favorit vu Steesel d’Liewe schwéier gemaach. Kuerz viru Schluss vum Match hat de Gréngewald de Réckstand op just 4 Punkte verkierzt. Um Enn konnt sech d’Ekipp vum Trainer Daniel Brandao awer behaapten. De Christopher Barton Jr huet dobäi 27 Punkte fir Steesel markéiert.