Um Freiden a Samschden war den Optakt vum 8. Spilldag an der LBBL bei den Hären.

Hären

D''Etzella Ettelbréck konnt sech um Freidegowend kloer mat 90:47 bei de Musel Pikes behaapten. De Philippe Gutenkauf war dobäi net ze stoppen. Den Nationalspiller koum um Enn op 43 Punkten, en Héchstwäert fir de Lëtzebuerger Spiller an dëser Saison. Hien huet 10 Dräier getraff, bei insgesamt 17 Versich, an hat um Enn nëmme 4 Punkte manner geschoss wéi de Géigner als Ekipp.

De Basket Esch huet sech géint d'Sparta Bartreng fréi am Match ofgesat a louch an der Paus mat 51:37 a Féierung. Bei de Gäscht konnt den Amerikaner Malek Green no senger Verletzungspaus nees matspillen, dofir huet den Nationalspiller Yannick Verbeelen awer gefeelt. De Champion huet de Match no der Paus kontrolléiert an de Virsprong weider ausgebaut, um Enn wënnt d'Lokalekipp 100:79. Den Jordan Hicks konnt dobäi mat 36 Punkten iwwerzeegen, Esch huet donieft 21 vun 23 Fautë getraff.

No enger ausgeglachener éischter Hallschecht konnt sech den T71 Diddeléng am drëtte Véierel géint den AB Conter ofsetzen. Diddeleng huet staark aus der Distanz getraff (14 Dräier als Ekipp) a fënnef Spiller vun der Lokalekipp hunn op d'mannst 13 Punkte markéiert, dës staark Leeschtung als Ekipp huet um Enn zu enger däitlecher 101:79 Victoire gefouert. De Londell King Jr konnt mat 32 Punkten iwwerzeegen, an der Tabell huet sech den T71 e Polster vun 2 Punkten op de Géigner erausgespillt.

RTL

© RTL / Jeff Kettenmeyer

D'Arantia Fiels konnt déi drëtt Victoire dës Saison feieren, dat mat 94:82 géint d'Kordall Steelers. Mat 22 Punkte konnt de Vic Heuschling vun der Bänk iwwerzeegen, 32 Punkte vum Michael Zabetakis sinn de Gäscht net duergaangen.

Um Sonnde spille Mamer géint Walfer an de Gréngewald géint Steesel.