Nodeems et schonn an der 1. Finall um leschte Samschdeg e kloeren 3:0 fir d’Ekipp vu Walfer gouf, konnte sie sech och am zweete Match no 25:15, 25:19 a 25:19 mat 3:0 géint Mamer behaapten.
Domat feiert den RSR Walfer bei den Dammen no 2017, 2018 an 2019 och dëst Joer nees Championstitel an der Novotel League.