Gepëspers um Späicher: Paule Kremer "Wat mech am meeschte frappéiert huet, ass den Dreck, de Plastik, deens de am Mier begéins"

Annick Goerens
D'Paule Kremer ass zu Walfer als Eenzelkand grouss ginn. Mat Schwammen hat si deemools net vill um Hutt.
Paule Kremer
Als Extreem-Schwëmmerin 14 Stonnen duerch d’Mier schwammen: Wat geet engem do duerch de Kapp?

Si wier zwar ëmmer an der Piscine gewiescht, mee “dat hat mat Schwammen net vill ze dinn”, geckst déi 37 Joer al Fra. Si wier an der Kandheet an an der Jugend méi u Musek interesséiert gewiescht. Blockflütt an der Schoul an duerno Trompett bis op d’Uni. Wéi si ugefaangen huet mam Sport, gouf d’Instrument agepaakt. Als Kand hat si och ëmmer ganz verschidde Beruffswënsch: Kach an Ozean-Fuerscherin oder Meeres-Biologin.

Wéini koum de Goût fir d’Extrem-Schwammen?

Op der Uni an England (d’University of Sussex zu Brighton) ass si an e Laf-Club gaangen, déi och eng Triathlon-Sektioun haten an dunn huet d’Schwammen ugefaangen. D’Schwëmmerin huet reegelméisseg am Mier trainéiert. Esou richteg lass mam Extrem-Schwammen goung et awer eréischt, wéi si nees zu Lëtzebuerg war. Duerch en Zoufall ass d’Paule Kremer dunn an engem Staffel-Schwammen duerch d’Manche gelant an dunn hat d’Sportlerin Blutt geleckt.

Als 1. Lëtzebuerger iwwerhaapt duerch d’Manche geschwommen

2017 ass si als éischt Lëtzebuergerin iwwerhaapt duerch den Äermelkanal geschwommen an zwar gréisstendeels nuets. “Dat gëtt dacks gemaach, well da meeschtens manner Wand ass,” erkläert d’Extrem-Schwëmmerin. Komescherweis hätt si den Ament guer net driwwer nogeduecht wat alles am Waasser ënnert hir wier. Si hätt sech op d’Boot konzentréiert, dat si begleet huet. D’Belounung vum Schwamm-Start an der Nuecht wier definitiv den Sonnenopgank, dee ganz fréi ufänkt, kontert d’Paule Kremer.

Duerch de Stau am Krees schwammen: “Dat maachen ech ni méi”

Nom Äermelkanal hutt d’Schwëmmerin fir d’éischt nees e Joer laang Triathlon gemaach. An dat war dunn awer net méi dat, wat si wollt. 2019 an enger Vakanz hutt si sech dunn spontan fir eng Course duerch de Bodensee ugemellt. An huet realiséiert “dat hei ass schonn dat ,wat s de wëlls maachen”. An deem Joer huet si sech dunn och fir déi sougenannt Catalina-Challenge ugemellt. Do schwëmmt ee vun der Catalina Island, virun der kalifornescher Küst, zeréck op Los Angeles. 2020 an 2021 ass dat Pandemie-bedéngt näischt ginn. Amplaz ass si dunn déi nämmlecht Distanz duerch de Stau geschwomme am Krees fir de Plooschter-Projet https://www.plooschterprojet.com/ .

“Dat maachen ech ni méi. Dat war grausam. Mental ganz schwéier, well ech ëmmer nees do laanscht geschwomme sinn, wou ech am Fong och hätt kënnen erausklammen”.

Duerno ass d’Iddi komm fir d’Oceans Seven ze maachen.

“Wann ee bis do dran ass. Da kënnt d’Iddi fir ëmmer méi wäit ze goen. Wat kann ech nach maachen?”

Dovunner huet d’Paule Kremer schonn d’Manche, Gibraltar an d’Catalina-Challenge gemaach.

14 Stonnen duerch d’Mier: U wat denkt een do?

Wat geet engem do duerch de Kapp? “Alles a näischt” sou d’Paule Kremer. Et géinge Stonnen ginn, bei deenen een un näischt denkt an déi verfléien. An aner Stonnen, bei deenen een un all Klengegkeet denkt an do kënnt een dann och guer net méi raus.

“Bei der Catalina weess ech, dass ech vun der Minutt 1 bis zum Schluss, mech gequäält hunn.”

Grousse Fan vum Fausti

Schonn als Kand huet d’Paule Kremer de Kréckelnéckel gelauschtert (produzéiert vum Jangli a geschwat vum Fausti) a souguer fir hiren 30. Gebuertsdag war de Fausti den Iwwerraschungs-Gaascht.
“Ech hunn ëmmer gesot, wann ech bestuet ginn, da spillt de Fausti op menger Hochzäit. Mee ech sinn ni bestuet ginn.”

Hei all d’Episoden am RTL Play

Back to Top
CIM LOGO