
Den Interim iwwerhëlt elo emol de Jan Siewert, dee fir d’Jugend-Akademie vum Veräin zoustänneg ass.
Mam Christian Heidel an dem fréieren Trainer Martin Schmidt sinn awer och zwee al bekannte Gesiichter zeréck am Veräin, fir ee Posten am Virstand respektiv dee vum Sportdirekter z’iwwerhuelen.
Als neien Trainer soll wéi et schéngt de fréiere Profi Bo Svensson an de Startlächer stoen.
Mainz ass no 13 Spilldeeg Zweetleschten an der Tabell vun der Bundesliga.
LINK: Klickt hei, fir op den Detail vun de Bundesliga-Resultater ze kommen.