
Portugal - Tschechien 2:0
1:0 Cancelo J. (33'), 2:0 Guedes G. (38')
Am Spëtzematch tëscht Portugal an Tschechien goung et fir d’Haushären no enger éischter staarker Hallschent mat 2:0 an d’Paus. Déi éischt hallef Stonn ware béid Ekippen op Aenhéicht, dunn huet de Seleção den Tempo uginn. Duerch e Gol vun der ManCity-Connection Silva/Cancelo ass de Favorit Portugal an der 33. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. E puer Minutte méi spéit huet de Guedes op 2:0 erhéicht. Bis zum Schluss huet sech näischt méi un dësem Resultat geännert.
Schwäiz - Spuenien 0:1
0:1 Sarabia P. (13')
Eng verdéngt 1:0-Victoire huet sech Spuenien géint d’Schwäiz geséchert. D’Schwäizer haten am Ufank Problemer an d’Spill eranzekommen a konnte sech géint d’Géigner kaum wieren. An der 42. Spillminutt louch de spuenesche Ballbesëtz bei 74 Prozent. Duerch de Gol vum Sarabia gounge si verdéngt a Féierung. Nom Téi hu sech d’Schwäizer däitlech méi aktiv gewisen, allerdéngs konnte si net méi ausgläichen an hunn eng weider Defaite missen astiechen.
Norwegen - Slowenien 0:0
Schweden - Serbien 0:1
0:1 Jović L. (45+3')
Gibraltar - Bulgarien 1:1
0:1 Minchev G. (45+1'), 1:1 Walker L. (61')
Griicheland - Zypern 3:0
1:0 Bakasetas A. (8'), 2:0 Pavlidis E. (21'), 3:0 Limnios D. (48')
Kosovo - Nordirland 3:2
1:0 Muriqi V. (9'), 2:0 Bytyqi Z. (20'), 2:1 Lavery S. (45'), 3:1 Muriqi V. (52'), 3:2 Ballard D. (83')
Nordmazedonien - Georgien 0:3
0:1 Zivzivadze B. (52'), 0:2 Kvaratskhelia K. (62'), 0:3 Kiteishvili O. (84')
Malta - Estland 1:2
0:1 Vassiljev K. (21'), 1:1 Degabriele J. (56'), 1:2 Anier H. (90+4')
0:1 T. Koopmeiners (50'), 1:1 Norrington-Davies (90'+2), 1:2 Weghorst (90'+4)