
En Dënschdeg sollt eigentlech en Dag fir ze feiere ginn an Argentinien zu Éiere vum neie Futtball-Weltmeeschter, mä den Dag sollt anescht op en Enn goen.
Déi riseg Parad zu Buenos Aires huet mussen ofgebrach ginn, well einfach ze vill Leit op de Stroossen ënnerwee waren, an net méi fir d’Sécherheet konnt garantéiert ginn.
De Bus mat de Spiller drop ass net méi duerch d’Leit komm, sou dass d’Spiller via Helikopter souzesoen evakuéiert goufen.
Am Gedrécks sinn op d’mannst 31 Persoune blesséiert ginn.
