Lëtzebuerger Futtballer am AuslandWichtege Remis fir den Eric Veiga mat Vilafranquense

RTL Lëtzebuerg
Am Kampf géint den Ofstig ass et fir den Eric Veiga ee Punkt géint den Tabellendrëtten aus Coimbra ginn.

No 90 Minutten ass de Match e Sonnegmëtteg géint Academica de Coimbra ouni Goler mat 0:0 op en Enn gaangen. Den Eric Veiga war dobäi déi komplett Partie am Asaz, an der 36. Minutt huet hien déi Giel Kaart gesinn. An der Tabell steet Vilafranquense no 26 Matcher ee Punkt virun den Ofstigsplazen.

Back to Top
CIM LOGO