FuttballnationalekippWM-Qualifikatioun: Profie mat ënnerschiddlech Viraussetzungen dobäi

Franky Hippert
E Barreiro gouf aktuell zu Mainz vill agesat, e Jans an e Sinani hunn an hire Veräiner awer wéineg gespillt, weess den FLF-President.

An dëser Woch fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp d’Joer an och d’Weltmeeschterschaftsqualifikatioun esou richteg un. D’Rout Léiwe sinn en Dënschdeg an Ungarn geflunn, wou e Mëttwoch zu Debrecen de Frëndschaftslännermatch géint den Organisateur vun der nächster WM de Qatar um Programm steet

Paul Philipp viru WM-Campagne / Reportage Franky Hippert

Mat u Bord war och de Paul Philipp. Fir den FLF-President ass et Zäit ginn, datt et fir d’Nationalekipp nees lassgeet, virun allem eben och mat de Qualifikatiounsmatcher e Samschdeg zu Dublin géint Irland, an nächsten Dënschdeg am Stade Josy Barthel géint den Europameeschter Portugal.

Jo also d’Virfreed ass do, so ass awer gedämpt, well keng Zuschauer däerfen dobäi sinn, an och wann ee weess, datt de Match elo géint Portugal scho Wochelaang Ausverkaf war

No esou enger laanger Paus, dee leschte Match vun der Nationalekipp war zejoert den 17. November, en 0-0 an der Nations League géint den Aserbaidschan, ass een natierlech gespaant, wéi d’Rout Léiwen drop sinn:

Bei enger Nationaleqkipp gesäit ee sech net esou dacks, wéi am Veräin. Elo och mat de Profien, och wa mer se suivéieren, weess een net, wéi se drop sinn.

D’Profie vun der FLF-Formatioun reese mat ënnerschiddleche Viraussetzunge fir dësen éischte Rendez-vous am Joer un. Spiller, wéi de Laurent Jans beim Standard, oder den Danel Sinani bei Waasland Beveren, haten an der Lescht net vill Asazzäit an hire Veräiner, e Mann, wéi de Leandro Barreiro, huet sech bei Mainz an der éischter dätscher Bundesliga an de leschte Wochen awer richteg etabléiert:

Jo dat ass de ganze Problem an et huet elo keng Zäit méi, wéi fréier mat zwou Wochen, wou een och 1 bis 2 Preparatiounsmatcher hat. Een wei de Leandro ass elo an de leschte Woche vill gefuerdert ginn. Et däerf een awer net vergiessen, datt déi aner als Dag zweemol ënner Profikonditioune trainéieren.

De Manktem u Spillpraxis kritt een nëmme schwéier an esou kuerzer Zäit opgefaangen, seet den FLF-President an fréieren Nationaltrainer Paul Philipp. De Match géint de Qatar kënnt do awer geleeën, fir deene Spiller 90 Minutten Asazzäit ze ginn.

An dës Woch war de Paul Philipp jo och Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent”. All d’Episode vun “Drëtt Hallschent” fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

Back to Top
CIM LOGO