
Dës Woch huet jo den 18 Joer jonke Lëtzebuerger Nationalspiller Yvandro Borges säi éischte Kontrakt bei der éischter Ekipp vu Borussia Mönchengladbach ënnerschriwwen a klëmmt domat an d’Foussspuere vum Roby Langers an dem Jeff Strasser.
Den Yvandro Borges huet bis elo fir d’Jugendekippe vu Borussia Mönchengladbach gespillt an huet och schonns am September 2021 säin Debut fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp ginn. Elo krut den talentéierte Futtballer e Profikontrakt beim Bundesligist.
“Den Yvandro huet eng gutt Entwécklung gemaach. Hien ass immens talentéiert, séier a staark am Eent-géint-Eent.”, esou de Roland Virkus, de Sportdirekter vun der Borussia. Weider sot hien, si géifen nach vill Entwécklungspotenzial beim jonke Lëtzebuerger gesinn an de Veräin géing sech freeën, datt de Lëtzebuerger hire Wee an den nächste Jore matgeet.
Dat 18 Joer jonkt Talent war déi lescht zwee Joer schonn eent vun de Fille vu Borussia Mönchengladbach. Iwwer den Futtballclub vun Izeg ass et nom Stater Racing bei d’U-17 vu Gladbach gaangen. Seng Jugendtrainer zu Izeg, wéi de Leo Zahlen, hu scho fréi erkannt, datt eppes aus dem Bouf kéint ginn, och wann dee klengen Ivi aus ganz einfache Verhältnisser kënnt, a sécherlech net déi einfachste Kandheet hat. Dës Woch huet den Yvandro Borges Sanches säin éischte Profikontrakt bei de Borussen ënnerschriwwen, an ass domat nieft dem Leandro Barreiro zu Mainz, an dem Mathias Olesen zu Köln, deen drëtten FLF-Spiller deen d’nächst Saison an der ieweschter Liga an Däitschland kéint spillen:
“Ech si wierklech glécklech, datt et geklappt huet. Et fänkt elo eréischt richteg un.”An de leschten zwee Joer konnt de Borges seng Jugendtrainer bei de Borussen op alle Fall iwwerzeegen:
“Si ware glécklech mat menger Entwécklung, et gouf jo elo och negociéiert, a jidderee war glécklech.”
Den 8-fache Lëtzebuerger Nationalspiller wosst awer natierlech och, datt et net einfach ass, aus enger Futtballschoul an engem Proficlub e Kontrakt fir d’éischt Ekipp ze kréien: “Et ass ëmmer Konkurrenz, jidderee wëll jo e Profikontrakt kréien. Et war jo mäin Zil. Ech si jo net fir näischt op Gladbach gaangen.”
Den Yvandro Borges ass e Jong, dee genee weess, wat e wëll, an dat ass sech am Profiberäich ze etabléieren: “Lo hoffen ech, datt ech iwwerzeege kann, an da vläicht e puer Minutten an der Bundesliga kréien. Meng Stäerkte si Schnellegkeet, Dribbling a Spillintelligenz.”
E Freideg de Moie war den offensive Mëttelfeldspiller natierlech och mat am Fliger fir mat a Litauen ze fléien. E Samschdeg den Owend spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp jo do hiren éischte Match an der neier Campagne vun der Nations League. Keen neie Profikontrakt, mä 3 Punkte sinn do d’Zil vu Borges a Co.
An d’Partie tëscht Litauen an Lëtzebuerg kënnt dir e Samschdeg den Owend um 18 Auer och nees Live bei eis um Radio, um Internet an op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee suivéieren.