
Um Samschdeg stoung déi 2. Etapp vum Tour des Alpes-Maritimes et du Var um Programm.
Um Enn huet sech den Dän Mattias Skjelmose (Trek-Segafredo) am Sprint virum Neilson Powless (EF Education-EasyPost) an dem Kévin Vauquelin (Arkéa Samsic) duerchgesat.
De Kevin Geniets (Groupama-FDJ) ass als 17. mam Peloton iwwer de wäisse Stréch gefuer. Den Alex Kirsch (Trek-Segafredo) hat als 61. e Retard vu 4 Minutten a 45 Sekonnen. De Colin Heiderscheid (Leopard TOGT Pro Cycling) huet sech als 95. mat engem Réckstand vun 10 Minutten an 51 Sekonne klasséiert. De Cédric Pries (Leopard TOGT Pro Cycling) gouf den 106. op iwwer 18 Minutten.
Am General bleift de Kévin Vauquelin op der éischter Plaz. De Geniets ass den Drëtten op 14 Sekonnen. De Kirsch, den Heiderscheid an de Pries leien den Ament op de Plazen 58, 103 an 112.
1 SKJELMOSE Mattias Trek - Segafredo 4:06:20
2 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost ,,
3 VAUQUELIN Kévin Team Arkéa Samsic ,,
4 TURGIS Anthony TotalEnergies ,,
5 THOMAS Benjamin Cofidis ,,
...
17 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
61 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +4:45
95 HEIDERSCHEID Colin Leopard TOGT Pro Cycling +10:51
106 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling +18:40
1 VAUQUELIN Kévin Team Arkéa Samsic 8:29:13
2 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost +0:07
3 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +0:14
4 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team +0:23
5 SKJELMOSE Mattias Trek - Segafredo +0:27
...
58 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +6:28
103 HEIDERSCHEID Colin Leopard TOGT Pro Cycling +22:12
112 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling +27:16